Uni Keng privatrechtlech Entreprise

Fir d'Rentrée gëtt en neie Rektor fir d'Uni genannt. Déi Persoun muss Lëtzebuerg a gläichzäiteg d'Universitéit international gutt opstellen, seet den Doyen vun der Fakultéit vun de Geeschteswëssenschaften. Eng Universitéit géif net wéi eng privatrechtlech Entreprise funktionéieren, ënnersträicht de Georg Mein a fuerdert gutt Konditioune fir gutt Personal unzezéien.

Mick Entringer / ys

Georg Mein
Georg Mein

D'Uni kritt fir d'Rentrée en neie Rektor. Am Mee war de Rainer Klump op deem Posten zréckgetrueden, nodeems bekannt gi war, datt d'Uni Finanz- a Managementsproblemer hat. Dem neie Rektor seng Aufgab wier net einfach, seet de Georg Mein, Dekan vun der Fakultéit vun de Geeschteswëssenschaften. Hie misst d'Spagat maachen tëscht groussen Erwaardungen.

"Den neie Rektor muss d'Uni international an eng Spëtzepositioun bréngen, hie muss intern integréierend wierken, hie muss d'Léierpläng an d'Fuerschungsprofiller vun der Uni entwéckelen."

D'Uni Lëtzebuerg hätt eng spezifesch Plaz am Land, well et déi eenzeg Uni ass, seet den Doyen. Dofir wieren d'Erwaardunge grouss. "Hie muss wëssen, wéi dëst Land funktionéiert, a gläichzäiteg d'Uni international gutt opstellen, wann hien déi beschte Studenten an déi beschte Fuerscher wëllt unzéien".

Mat Hëllef vun Headhunteren an internationalen Ausschreiwungen huet eng Kommissioun eng Kandidatelëscht zesummegestallt, iwwert déi de "Conseil de gouvernance" entscheede muss. Dobäi gëtt och de Conseil Universitaire ëm säin Avis gefrot. Et geet een dovunner aus, datt d'Nominatioun fir déi akademesch Rentrée feststeet.

Finanzen

Mam neie Véierjoresplang gëtt d'Uni och budgetär nei opgestallt. Aktuell ginn d'Finanze vum "Conseil de gouvernance" an enger externer Beroderin matgeréiert. De Georg Mein erwaart sech, datt d'Rektorat deemnächst erëm d'Finanzgestioun ganz iwwerhëlt. "D'Uni muss hir Hausaufgaben och selwer maachen. Mir mussen an der Lag sinn, fir d'Budgetslinnen esou ze kontrolléieren, datt et bis d'Enn vum Joer mat de Suen opgeet". D'Politik hätt d'Uni an de leschte Méint gutt ënnerstëtzt.

E staarke "Conseil de Gouvernance"

De Georg Mein begréisst, datt mat der Reform vum Universitéitsgesetz de "Conseil universitaire" gestäerkt gëtt. Am "Conseil universitaire" sinn nieft dem Rektorat, och d'Fakultéiten an d'Fuerschungsunitéite vertrueden. De Gremium gëtt Avisen of fir d'Ausriichtung an der Féierung vun der Uni. Iewescht Organ ass de "Conseil de Gouvernance", deem seng Membere vun der Regierung genannt ginn.

Eng Universitéit kéint net gefouert gi wéi eng privatwirtschaftlech Institutiounen, seet de Georg Mein. Akademesch Mataarbechter a Professere wéilten Aarbechtskonditiounen, déi hinne gefalen, soss wiere si séier fort. Dowéinst kéint eng Uni net autoritär vun uewen erof gefouert ginn.

Méi Präsenz fir Geeschteswëssenschaften

D'Geeschteswëssenschafte si gutt op der Uni Lëtzebuerg representéiert, seet de Georg Mein. Mä wann et ëm Exzellenz géing goen, kéime si awer am Discours heefeg ze kuerz géintiwwer den Naturwëssenschaften an dem Droit, de Finanzen an der Ekonomie. Am Gesamtkonstrukt vun der Uni géifen d'Geeschtes- an d'Sozialwëssenschaften an hirer Roll heefeg net genuch ervirgehuewe ginn. Dobäi wier grad hir Funktioun net ewech ze denken an engem Land, wou et just eng Universitéit gëtt.

"D'Ausbildung vun den Enseignanten, d'Sozialaarbecht, op d'Psychologie ... Dee Fächerkanon ass onverzichtbar fir d'Land a fir d'Integratioun vun der Universitéit an d'Gesellschaft."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Sylvia Ridlesprige
Uni Lëtzebuerg

D'Handelskammer proposéiert, datt d'Uni een neit consultatiivt Organ kritt. Dëst Gremium kéint bei Nominatiounen a strategesche Froe een Avis ofginn, esou d'Sylvia Ridlesprige.

Stefan Braum Riicht Eraus
Uni Lëtzebuerg

D'Fakultéit fir Droit, Finanzen an Economie géif sech vill an ëffentlech Debatten amëschen, seet hiren Doyen Stefan Braum. Dat wier wichteg, och wa Politiker Kritik dacks géifen ignoréieren.

Raymond Bisdorff / Martine Hansen / Marc Hansen
Uni Lëtzebuerg

Den delegéierten Héichschouliminister Marc Hansen an d'CSV-Deputéiert Martine Hansen plaidéiere fir ee staarkt externt Opsiichtsgremium. D'Proffe mussen d'Soen hunn, fënnt de Raymond Bisdorff (APUL).

Unilu-2.JPG
Universitéit Lëtzebuerg

Déi rezent Budgetsproblemer vun der Uni Lëtzebuerg hätten eng Roll bei der Personal-Entscheedung gespillt, seet den Interims-Rektor Ludwig Neyses. Et wier awer net deen eenzege Grond.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen