arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng grouss Iwwerraschungen

TV-Triell tescht Laschet, Scho

|
reading time

2 min

Keng grouss Iwwerraschungen

Fir d'éischte Kéier hunn op der däitscher Televisioun dräi Kanzlerkandidatinnen a -Kandidaten debattéiert. Den "Triell" tëscht Armin Laschet, Annalena Baerbock an Olaf Scholz ass awer ouni grouss Iwwerraschung bliwwen - a wierklech iwwerzeege konnt kee vun deenen dräi. Matthias Kirsch.

reading time

2 min

play_arrow Lauschteren

Déi eenzeg wierklech Iwwerraschung vum Triell vun de Kanzlerkandidat:innen koum direkt um Ufank. Op déi zimmlech onsäglech Fro vum RTL-Moderatorenduo, wat d'Géigner dann net gutt kéinten, hunn allen dräi Kandidat:innen net wollten äntweren. Schlechtes iwwer déi aner ze soen, wier net de Stil, mat deem an Däitschland sollt Politik gemaach ginn, sot zum Beispill den Olaf Scholz.

An engem Walkampf, deen wéineg vun Inhalt a vill dovu Kritik un der Géigesäit gepräägt ass, war dat dann dach eng relativ fair Positioun vun de Kandidat:innen vun Unioun, SPD a Bündnis90/Die Grünen.

Duerno gouf déi éischt grouss Tëleesdebatt awer séier dreschen - a berechebar. Datt den Armin Laschet d'Handelen vun der Bundesregierung an Afghanistan als Desaster beschriwwen huet, war nach erstaunlech hefteg. Der Annalena Baerbock ass et bei deem Thema allerdéngs net gelongen, Punkten ze sammelen - wat eng verpasste Chance war, schliisslech haten déi Gréng am Juni schonn am Bundestag proposéiert, afghanesch Uertskräft z'evakuéieren.

Och bei aneren Themen - zum Beispill Corona - huet d'Kandidatin vun de Gréngen aus hirer Oppositiounsroll eraus net wierklech konnten attackéieren. Obwuel hir mat den Uniouns- an SPD-Kandidaten der zwee géinteniwwersouzen, déi an de leschten 8 Joer d'Regierungspolitik matgestalt hunn.

Vill méi huet déi gréng Kandidatin alt nees de neien, staatsmänneschen Usproch vun hirer Partei ënnerstrach. Zum Beispill beim Thema Sécherheet, wou d'Annalena Baerbock méi Budget fir d'Police gefuerdert huet. Eppes, wat déi Gréng virun 10 Joer wuel ni gemaach hätten.

E wierkleche Gewënner hat dësen Triell net, mee och d'Bundestagswal verluer huet wuel keen gëschter Owend. Wa gestridde gouf, war et tëscht den Armin LAschet an der Annalena BAerbock. Den Olaf Scholz huet seng Roll als Moderator an der Mëtt gutt gespillt - an andeems en eng Rout-Rout-Gréng Regierung ausgeschloss huet, och eng vun deene wéinege konkreten Walfroen beäntwert. Op en domat awer Leit fir sech a seng Partei iwwerzeegt krut, ass eng aner Fro.