Negociatiounen EU-UK Keng Fortschrëtter bei Brexit-Verhandlungen

D'Negociatiounen tëscht der Europäescher Unioun a Groussbritannien iwwert de Brexit hunn och bei der drëtter Gespréichsronn kee konkret Resultat fonnt. De Michel Barnier, Chef-Negociateur vun der Europäescher Unioun, huet sech pessimistesch geäussert. Et wier keen entscheedende Fortschrëtt erziilt ginn.

Loreline Merelle / nw

Brexit Verhandlungschefen David Davis a Michel Barnier bei der drëtter Verhandlungsronn zu Bréissel
David Davis a Michel Barnier bei der drëtter Verhandlungsronn zu Bréissel (Foto: picture alliance / Photoshot)

Mat Drock op d'britesch Regierung huet de Verhandlungschef vun der Europäescher Unioun, Michel Barnier erkläert, datt d'Gespréicher iwwert een Handelsofkommes net wéi geplangt, kéinten am Hierscht ufänke wann d'Verhandlungen an dësem Tempo géife weiderlafen.

EU wëll dräi Haaptsujete klären

De britesche Verhandlungschef David Davis huet vu groussen Differenze geschwat. Hien huet vun der Europäescher Unioun méi Flexibilitéit a fantasievoll Léisunge gefuerdert. London wëllt elo schonn iwwert déi zukünfteg Relatioune virun allem an der Wirtschaft schwätzen.

D'EU ass dofir awer just bereet, wann déi dräi Haaptsujete gekläert sinn: D'Zukunft vun den europäeschen a briteschen Bierger, de Präis fir d'Sortie vu Groussbritannien an d'Fro ronderëm d'Grenz vun Irland an Nordirland. D'Negociatiounen hu sech bis ewell awer virun allem ëm d'Millioune gedréint, déi London der Europäescher Unioun muss bezuelen, fir erauszeklammen.

Straffe Kalenner bis 2019

D'Vereenegt Kinnekräich huet sech effektiv dozou verflicht, bis 2019 zum europäesche Budget bäizedroen. D'Europäesch Unioun fuerdert, datt sech doru gehale gëtt. De Kalenner ass straff gehal.

D'Negociatioune ronderëm d'Sortie vu Groussbritannien kënnen nach bis den 29. Mäerz 2019 goen, deen Dag, op deen de Brexit datéiert ass. Déi nächst Negociatiounsronn ass fir den 18. September geplangt.

Méi zum Thema

Two Female Accountants Counting On Calculator
EU-Budget

D'EU huet een eegene Budget vu ronn 150 Milliarden Euro d'Joer. Wa Groussbritannien aus der EU erausgeet, gëtt et ee Lach. Wou kann an Zukunft gespuert ginn?

Gregor Schusterschitz.JPG
Brexit

Groussbritannien wier ouni kloer Virstellungen an déi éischt Verhandlungsronn eragaangen, seet de Grergor Schusterschitz. Et wier awer e Feeler fir d'Briten z'ënnerschätzen, sou den Ambassadeur vun Éisträich.

marc hengen.JPG
Assurancen

Nom briteschen EU-Austrëtt verleeë grouss Assurancen hire Siège op Lëtzebuerg. Dat wier eng gutt Geleeënheet fir Lëtzebuerg, seet de Marc Hengen, President vum Direktiounscomité vun der ACA.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen