arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Entrevue mat der Mediekommissioun: ALJP ass net iwwerrascht

Geplangte Pressehëllef

|
reading time

2 min

Keng Entrevue mat der Mediekommissioun: ALJP ass net iwwerrascht

D'ALJP weist sech net iwwerrascht iwwer d'Decisioun vun der Chamber-Mediekommissioun vun en Dënschdeg, datt et virum Vott vun der Reform vun der Pressehëllef keng Entrevue mat der Journalistevereenegung méi wäert ginn.

reading time

2 min

Déi dräi Majoritéitsparteien hate géint esou eng Entrevue gestëmmt. LSAP a Gréng hätte bis zum Schluss probéiert, op d'DP anzewierken, schreift d'ALJP. Zum Schluss hätt de Koalitiounsfridde gezielt, sou d'Presidentin Ines Kurschat.

"Also ech stelle mir et esou vir, datt den Här Medieminister e gewëssen Drock verspuert huet, fir dat Gesetz duerch ze bréngen. Natierlech ass deen Zäitpunkt fir elo ze diskutéieren, e spéiden Zäitpunkt. Si ware kuerz virdrun e Rapport ze finaliséieren. Déi Fro, déi sech stellt fir eis, ass éischter firwat ass net virdrun dru geduecht ginn? Datt d'DP elo drop verweist, mir musse virun allem d'Pressehëllef séier duerch bréngen, och fir dee Secteur, dat stéisst souguer op e gewëssent Versteesdemech."

D'Journalisten-Associatioun fäert awer, datt dat neit Gesetz fir d'Hëllef fir Print- an Online-Medien déi finanziell Nout bei verschiddene Medien net wäert verbesseren, an dat kéint de Pluralismus an de Qualitéitsjournalismus kéint a Gefor bréngen. Si géif "staark hoffen", datt net nach méi Journalisten an de Chômage falen, nodeems d'Pressehëllef gestëmmt ass. D'Ines Kurschat formuléiert och de Wonsch, datt d'Gehälter am Secteur stabil bleiwen an datt net z.B. déi 30.000 Euro plëtzlech als Referenz geholl gëtt, fir de Salaire vun engem Journalist oder enger Journalistin".

An der Sitzung vun der Chamber-Medie-Kommissioun vum Dënschdeg, huet de staatleche "Service des Médias" confirméiert, datt d'Hëllef fir den Editeur vun 30.000 Euro pro Joer fir all Voll-Zäit professionelle Journalist net als "élément de rémunération" fir de Journalist ze consideréiere wier: dës Hëllef wier also net de Salaire.