Etat de l'union Keng Begeeschterung no Juncker-Proposen

Den hollännesche Premier Mark Rutte huet den EU-Kommissiounspresident een onverbesserleche Romantiker vernannt. Dem Jean-Claude Juncker seng Proposen, méi Länner an den Euro opzehuelen oder de Poste vun engem EU-Finanzminister ze schafen, kommen och soss nach laang net iwwerall gutt un. Kléngt gutt, mä ass net realistesch - sou d'Konklusioun a villen Analysen. Wat bleift dono iwwreg vum Jean-Claude Juncker senge Visiounen?

Danièle Weber

Pierre Moscovici a Jeroen Dijsselbloem, Pressekonferenz  Eurogrupp zu Tallinn
EU-Kommissär Pierre Moscovici a Chef vum Eurogrupp Jeroen Dijsselbloem (Foto: European Union)

Éischter skeptesch reagéiere bis elo d'Regierungsvertrieder aus den EU-Memberlänner op dem Jean-Claude Juncker seng Proposen. Och bei den Experten zu Bréissel fält d'Uerteel net ganz positiv aus. D'Propose wieren net kohärent an net realistesch - schreift zum Beispill den "European Centre for Policy studies".

Et ass net dee richtege Moment fir virzeschloen, d'Eurozon auszebauen, seet d'Maria Demertzis, Vizepresident vum Bruegel Think Tank, deen op wirtschaftlech Froe spezialiséiert ass. "Et gëtt sou vill Drock am Ablack an der EU. Et sollt een him eng Chance ginn, fir sech z'erhuelen."

Just ee Land um Euro interesséiert

Och op der Reunioun vun den EU-Finanzministere leschte Weekend zu Tallinn koum keng grouss Begeeschterung dofir op, d'Eurozon auszebauen. Dem Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna seng Analys fält awer manner negativ aus, wéi déi vum Lëtzebuerger Premier. De Jean-Claude Juncker hätt probéiert deene Länner d'Hand ze reechen, déi nach net am Euro sinn. An dat wier him och gelongen.

D'Hand reeche funktionéiert awer nëmmen, wann op där anerer Säit och eng ausgestreckt gëtt. Dem EU-Kommissär Valdis Dombrovskis no huet den Ament just een eenzegt EU-Land, nämlech Bulgarien, effektiv Interessi ugemellt, fir den Euro anzeféieren.

Lëtzebuerg ass fir en EU-Finanzminister

Am Lissaboner Vertrag ass festgehalen, datt all EU-Land soll déi gemeinsam Währung unhuelen. Dem Jean-Claude Juncker seng Opfuerderung wier also näischt Aussergewéinleches, sou d'Reaktioun vum däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble. Hien huet awer direkt am nächste Saz drop higewisen, datt et Konditioune fir den Euro gëtt, an datt déi mussen agehalen ginn.

Et wier net gutt d'Länner an den Euro ze drécken, sot de Chef vum Eurogrupp, de Jeroen Dijsselbloem. Senger Meenung no sollt de Prozess vun der Erweiderung vun der Eurozon esou weiderlafen, wéi bis elo.

D'Kommissioun awer wëllt méi wäit goen an de potentiellen Euro-Kandidaten an Zukunft méi staark ënnert d'Äerm gräifen, technesch a finanziell - duerch ee Bäitrëtt-Instrument. Wéi genee soll dat ausgesinn? "Waart of" sot den EU-Kommissär Pierre Moscovici zu Tallinn. D'Kommissioun géif geschwënn ee Pabeier mat Detailer op den Dësch leeën.

Detailer feelen och nach bei anere Proposen. Zum Beispill zu där vum EU-Finanzminister, een neie Posten, deen dem Jean-Claude Juncker no sollt vun engem EU-Kommissär iwwerholl ginn. Lëtzebuerg wier awer op fir déi Iddi, betount dozou de Pierre Gramegna. Allerdéngs weist hie wéi aner Finanzministeren drop hin, datt d'Kompetenzen a Responsabilitéite vun deem neie Mister Euro fir d'éischt emol mussen definéiert ginn.

Moscovici an Dijsselbloem si sech net eens

Ganz begeeschtert vun där Iddi vum EU-Finanzminister ass de Pierre Moscovici. Fir hie besteet am Eurogrupp een Demokratie-Defizit, dee kéint doduerch behuewe ginn, datt ee Kommissär dee Posten iwwerhëlt. Een Eurogruppechef, deen och Member vun der Kommissioun ass, wier nämlech dem Europaparlament Recheschaft schëlleg. "Ech sinn net d'accord domat, datt eng intergouvernemental Zesummenaarbecht tëscht Ministeren net demokratesch ass", seet awer de Jeroen Dijsselbloem.

En EU-Kommissär als EU-Finanzminister? De Pierre Gramegna wëllt sech do net festleeën. "Dat ass eng Méiglechkeet, et gëtt bestëmmt och anerer", sou seng Reaktioun.

Ass den EU-Finanzminister just fir d'Eurozon zoustänneg? Kritt hien en eegene Budget? Dat si weider Froen, déi nach op stinn. De Jean-Claude Juncker hat sech géint en eegene Budget vun der Eurozon ausgeschwat. Wat mécht een EU-Finanzminister awer ouni eegene Budget, froe sech d'Experten.

D'Kommissioun wëllt nach dëst Joer Detailer liwweren. Do sinn da vläicht e puer Äntwerten derbäi.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Juncker virum Europaparlament
Ried zur Lag vun der EU

Dem Jean-Claude Juncker seng Visioun fir d'EU: Méi Staaten an den Euro an een europäesche Finanzminister. D'Chance fir d'Reform vun der EU wier elo do. Déi éischt Reaktioune si gemëscht.

J-C Juncker virum Europaparlament zu Stroossbuerg
Etat de l'Union

Bei der Ried zur Lag vun der Unioun huet de Jean-Claude Juncker Reformen ugekënnegt. Seng Iddi fir d'Erweiderung vun der Eurozon dierft fir Diskussioune suergen. Migratioun war kee wichtege Sujet.

Ried zur Lag vun der Unioun 2016
Etat de L'Union 2017

Den Etat de l'Union ass déi lescht Geleeënheet, fir grouss Annoncë fir d'Zukunft vun der EU an dëser Legislaturperiod ze maachen. De Jean-Claude Juncker kéint och perséinlech Meenunge matdeelen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Noriichten

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen