WM 2022 AM KATAR Katar: "Situatioun huet sech verbessert, ass awer sécher net gutt"

Boykottéieren oder awer kucken? froe sech vill Futtball-Fans. Kuerz ier ugepaff gëtt, wollt d'EU-Parlament de Point maachen iwwer déi aktuell Situatioun an hat den katareschen Aarbechtsminister genee ewéi Vertrieder vun Mënscherechtsorganisatiounen op Besuch.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Mënscherechtskommissioun am Europaparlament
Foto: EU / Emilie Gomez

Vun hinnen ass vill Rieds den Ament weltwäit a ville Medien: déi Dausende vun Aarbechter, déi am Katar ënner de katastrophalen Aarbechtskonditioune gelidden hunn an ëm d'Liewe koumen, beim Opbau vun de verschiddene Stadione fir d'Futtballweltmeeschterschaft 2022.

Si stoungen och am Mëttelpunkt vum Debat an der Mënscherechtskommissioun am Europaparlament e Méindeg den Owend.

Uewen um Podium souzen och de katareschen Aarbechtsminister an eng Vertriederin vun der Mënscherechtsorganisatioun "Human Rights Watch".

Dausende vun Doudesfäll goufen net ënnersicht

"D'Autoritéiten am Katar hunn Dausende vun Doudesfäll net ënnersicht, fir déi de Famillje vun den Affer vum Gesetz hir keng Entschiedegungen zoustinn", attackéiert d'Minky Worden.

De Minister Ali Bin Samikh Al Marri presentéiert sech als fréiere Mënscherechtsaktivist, als een, dee selwer d'Regierung a sengem Land kritiséiert huet.

Datt Leit op de Chantiere gestuerwe sinn, bestreit hien net. Hien evitéiert et, Zuelen ze nennen an hieft virun allem d'Reformen am Aarbechtsrecht ervir, déi d'Regierung zanter fënnef Joer op de Wee bruecht huet.

Reformen hunn deels gegraff

Déi Reformen si remarkabel, seelen hätt een esou rapid Changementer gesinn, attestéiert iwwerdeems de Max Tunon. Hien ass aus dem Büro vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun an der katarescher Haaptstad Doha ugereest a bezitt sech zum Beispill op d'Changementer am Kafala-System, deen et fir auslänneschen Aarbechter sou gutt wéi onméiglech gemaach huet, de Patron ze wiesselen

"An de leschten zwee Joer hunn 350.000 Aarbechter den Job gewiesselt. Et gouf ee Mindestloun agefouert, duerch deen 280.000 Leit méi an der Pai kruten. Katar huet mëttlerweil warscheinlech dat progressiivste Gesetz vun der Welt iwwer Hëtzstress op der Aarbecht."

Fir d'Minka Worden vu "Human Rights Watch" awer ginn déi Reformen a virun allem d 'Ëmsetzung dovun net wäit genuch:

"D'ONGen hu weider Abus bei de Paien dokumentéiert, illegal Fraise bei Rekrutementer, oder Doudesfäll, déi net ënnersicht oder fir déi Entschiedegunge bezuelt ginn."

Neen zu permanentem Entschiedegungs-Fonds

Zanter datt et 2018 ee Gesetz dofir gëtt, wieren iwwer 300 Milliounen Dollar u Famillje vun Affer ausbezuelt ginn, äntwert dorop de Minister.

"D'Entschiedegung vun den Affer ass eng moralesch Flicht", verséchert den Ali Bin Samikh Al Marri.

Datt säi Reformwëllen awer Grenzen huet, weist den Debat am Parlament. Zur Haaptfuerderung vun den ONGen, nämlech engem Fong, dee retroaktiv Affer entschiedegt, bleift et beim engem kloren Neë vun der katarescher Säit.

"D'Situatioun ass besser, awer sécher net gutt", sou um Enn de Resumé vun der hollännescher Sozialistin Lara Wolters. Ee Bilan, deen dëser Deeg och bei aneren Debaten zu deem Sujet gezu gouf.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Anne Brasseur.jpg
Fussball-WM am Katar

D'Anne Brasseur huet 2018 an engem Rapport fir den Europarot iwwer d'FIFA d'Thees opgestallt, datt dat villt Geld de Fussball futti mécht. Dat wier bei der WM am Katar och nees de Fall, fënnt si.

Frank Wies Meenung
Fräie Mikro

D'Fussballweltmeeschterschaft a Russland oder am Katar. Olympesch Spiller a China. International Kompetitioune gi vun diktatoreschen Regimmer fir Propagandazwecker mëssbraucht, mengt de Frank Wies.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen