Duerch d'Pandemie goufe Kanner a Jugendlecher méi Stressfacteuren ausgesat, wéi se et soss scho sinn, seet d'Barbara Gorges-Wagner vum Kanner- a Jugendtelefon. Et hätte sech 50 Prozent méi Kanner a Jugendlecher gemellt, déi sech selwer verletzen a suizidal Gedanken hunn, an dat misst ee bedenklech maachen.
Vill Jonker géife sech och eleng spieren, well se keng Zäit mat hire Frënn kënne verbréngen, an et wier e grousse Leeschtungsdrock do, seet d'Barbara Gorges-Wagner. Vill Jonker hätten och d'Gefill se wieren op enkstem Raum mat hirer Famill agespaart a géifen net erauskommen - dat géif mam Alter ëmmer méi eskaléieren. Duerch déi verschidde Servicer wéilt d'Organisatioun Kanner a Jugendlecher en oppent Ouer ubidde fir hir ugespaant psychosozial Situatioun kënnen unzeschwätzen.
Berodung iwwer Chat
Nieft der klassescher Helpline iwwer Telefon bitt d'Organisatioun elo eng Berodung iwwer Chat un. Et géif ee virun allem am europäeschen Ausland mierken, datt Jonker schei wiere fir ze telefonéieren a léiwer géifen chatten. Zu Lëtzebuerg hätt een dat awer nach net kënne beobachten.
D'Berodung iwwer Chat funktionéiert iwwer eng Peer-to-peer-Approche. Et wier "extrem gutt" fir Jonker vun anere jonke Leit beroden ze ginn, well déi och déi betraffe Perspektiv kennen an op eng aner Aart a Weis Hoffnung kënne ginn, seet d'Barbara Gorges-Wagner.
Den neien Online-Service leeft nëmmen ee mol an der Woch owes a gëtt vu jonke Benevollen assuréiert. Et wier wichteg sou vill Entréesdiere wéi méiglech ze schafen, wou Kanner a Jugendlecher de Message vermëttelt kréien, datt se mat hire Suergen, Ängschten a Problemer net eleng sinn, esou de Kanner- a Jugendtelefon.