arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kampf géint Geldwäsch: "D'Lëtzebuerger Affekoten si Spëtzereider"

#openlux

|
reading time

2 min

Kampf géint Geldwäsch: "D'Lëtzebuerger Affekoten si Spëtzereider"

Am Verglach zu hire Beruffskolleegen an de Nopeschlänner wieren d'Affekoten hei am Land Spëtzereider géint Geldwäsch, esou d'Bâtonnière Valérie Dupong. Weider Kontrolle vu bausse wieren net néideg.

reading time

2 min

D'Valérie Dupong steet un der Spëtzt vum Barreau, deen d'Affekoten hei am Land vertrëtt, a betount, datt d'Affekote verflicht wieren, den Hannergrond vun hire Clienten ze iwwerpréiwen:

"Op et e Risiko gëtt, op e schonn eng Penalsaffär iergendwou hat, op en an engem Zeitungsartikel negativ opgefall ass a sou weider. Déi Méiglechkeet huet all Affekot zu Lëtzebuerg."

Och kleng Etüde kéinten dat maachen. Wann een d'Moyennen dofir net hätt, da misst een de Client refuséieren, fënnt d'Valérie Dupong.

De Barreau géing d'Affekoten zu Lëtzebuerg elo scho streng kontrolléiere fir, zum Beispill, Blanchimentsaffären ze verhënneren.

Affekot muss seng Clientë kennen

Dräi mobil Ekippe vun Affekoten si fir de Barreau am Asaz a kontrolléieren d'Etüden:

"Si picke sech e puer Dossiere vum Affekot eraus, fir da ganz genau ze kucken: Kennt e säi Client? Huet en seng Prozedur richteg gemaach? Weess en ëm wat et geet? Huet en säi Risiko richteg ageschat? Well den Affekot muss säi Risiko aschätzen."

Eng Kontroll vu baussen hält si dofir net fir néideg.

De Lëtzebuerger Barreau huet am Moment néng Disziplinar-Prozedure géint Affekote lafen, déi sech am Ëmgang mat hire Clienten net un déi virgeschriwwe Prozedure gehalen hunn, esou nach d'Valérie Dupong.