Srel-Prozess Justizfeeler hënnert Instruktioun
E Feeler vun der Justiz ass mat Schold drun, datt d'Instruktioun vum Srel-Prozess de Loris Mariotto net besser konnt ënner d'Lupp huelen. Dat ass dee Geschäftsmann, deen dem Geheimdéngscht eng CD iwwerreecht huet, op där e kryptéiert Gespréich tëschent dem Grand-Duc an dem Jean-Claude Juncker soll sinn. Bei enger Perquisitioun viru siwe Joer beim Loris Mariotto goufen interessant Piècë fonnt. Wéinst engem Feeler vun engem Untersuchungsriichter konnten déi Piècen am Srel-Prozess awer net verwäert ginn.
Den 29. Januar 2013 gouf et eng Perquisitioun beim Loris Mariotto doheem. Do sinn ënner anerem dräi Elementer mat der Bezeechnung Kryptovox saiséiert ginn.
Kryptovox, mat deem Programm kéint dem Loris Mariotto no och d'CD verschlësselt sinn, déi hien dem Geheimdéngscht de 26. Januar 2007 iwwerreecht hat. Aus dem Verhéier vum Loris Mariotto de 27.12.2012 heescht et :
"Der erste Mann, der in diesem Zusammenhang bei ihm vorstellig wurde, sprach vun Kyptovox. Er selbst hatte nicht feststellen können, ob dies tatsächlich der Fall war. Zu dem Hintergrundbild mit dem Schriftzug Kryptovox Code konnte Mariotto auch keine Angaben machen."
Loris Mariotto gouf just eemol mat Kryptovox konfrontéiert
Och am Gespréich, dat de fréiere Geheimdéngschtchef Marco Mille mam Jean-Claude Juncker heemlech opgeholl hat, geet rieds vu Kryptovox. Sou erkläert de Marco Mille dem Jean-Claude Juncker den 31. Januar 2007, wat de Srel vum Loris Mariotto krut:
"Déi Technik, déi do benotzt ginn ass, déi Apparater, déi do benotzt gi sinn, dee Kyptovox, wou mer gesot kritt hunn: mir hunn och probéiert dat ze retracéieren, dat geet zeréck op Jugoslawien"
Zanter der Saisie vun de Kryptovox-Elementer Ufank 2013 gouf de Loris Mariotto just eemol mat deene Géigestänn konfrontéiert. An zwar a sengem Verhéier beim Untersuchungsriichter zwee Joer drop huet de Geschäftsmann ausgesot, datt hien dozou näischt misst soen.
"Ich möchte hier niemandem etwas unterstellen, weder dem Richter noch der Polizei, es ist nunmal so, dass meine Akte sich auf der Festplatte der Anwaltskanzlei Grozinger-Fritsch befand. Bei der Durchsuchung in der Anwaltskanzlei wurde meine Akte ebenfalls kopiert, auf externe Datenträger. Es wurde uns nachher mitgeteilt, dass diese Daten gelöscht worden wären."
Feeler vun der Justiz
Tatsächlech weisen eis Recherchen, datt et ee Feeler vun der Justiz gouf. De 5. Mäerz 2014 gouf et eng Perquisitioun an der Etüd vum Affekot vum Loris Mariotto, dem Marco Fritsch, an deem sengem deemolegen Associé.
Allerdéngs wéinst enger anerer Affär, déi näischt mam Loris Mariotto ze dinn hat. Bei der Perquisitioun, déi vum Untersuchungsriichter Rodriguez geleet gouf, goufen den Affekoten hir sämtlech Clientsdonnéeë vum Server matgeholl.
Dat geet aus der Decisioun vum Geriicht ervir, dat den 2. Abrëll 2014 eng Violatioun vum Secret professionell festgestallt huet an domadder d'Saisie vum Server annuléiert huet.
Well och de Loris Mariotto säi Clientsfichier um Server war, huet de Loris Mariotto spéider an der Instruktioun vum Srel-Prozess argumentéiert, hie bräicht net Stellung ze huelen zu de Perquisitioune bei him doheem. Also och net zu deene Kryptovox-Saachen, déi fonnt goufen, an déi am Prozess also och net ernimmt goufen.
E Prozess, an deem jiddweree géif hongereg bleiwen, hat den Affekot vum André Kemmer, de Pol Urbany e Freideg beschriwwen:
"Well mir hunn eng Verbindung Bommeleeër, mir hunn eng droleg Verbindung mat dem Mariotto, wat e komesche Personnage ass, a wou zurecht gefrot gëtt, wat d'Motivatioune vun him waren. Déi Saache sinn awer all net opgekläert ginn an der laanger Enquête, déi gemaach gouf."
Den 10. Mäerz geet de Srel-Prozess weider. Well de Loris Mariotto Niewekläger ass, kann et sinn, datt säin Affekot un d'Rei kënnt mat senger Plaidoirie.