Ënnerschriwwe gouf dee Code de Conduite vun e puer grousse Plattforme wéi Google, Facebook, Twitter, Microsoft, Mozilla an Tik Tok. En ass fräiwëlleg an et gëtt en zanter eppes méi ewéi zwee Joer.
Déi éischt Evaluatioun zejoert am September hat gewisen, datt de Succès sech a Grenzen hält. E gëtt net konsequent oder net komplett ugewannt, jee no Plattform an och jee no Land. Et gëtt och deels mat ënnerschiddlechen Definitioune geschafft, a virun allem gëtt et keen onofhängege System, fir dat Ganzt ze iwwerwaachen.
Fräiwëlleg Reegele goufen net agehalen
D'Pandemie hätt gewisen, wéi séier sech Fake-News verbreeden a wéi eng Gefor se duerstellen, sot gëschter d'Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun Věra Jourová.
"Et gëtt eng massiv Campagne géint d'Impfen, déi eis Efforte behënneren, fir d'Leit ze iwwerzeegen sech impfen ze loossen a Covid lasszeginn."
Dat konnt och de Code de Conduite net verhënneren. Bis elo hätt leider kee vun de Signatairen de Code komplett ëmgesat, sot gëscht den EU-Kommissär fir de Bannemarché, den Thierry Breton.
"Il n'y a qu'une seule entreprise qui a tenu à peu près ses engagements, mais les autres, eh bien alors pas du tout!"
Klengen Hick an der Presentatioun iwwert Desinformatioun vun der Kommissioun vu gëscht: och op Nofro wollt den Thierry Breton d'Informatioun, wie sech dann do besser beholl huet, wéi déi aner, net erausréckelen.
Et géif eng Entreprise ginn, "qui a fait mieux que les autres", sou seng Explikatioun, hie géif de Recht der Press iwwerloossen. Wann ee kucke géif, wat d'lescht Joer geschitt wier, da wier dat een Indice, sou de Fransous geheimnisvoll.
Villes deit drop hin, datt et sech beim eenzege Musterschüler ëm Twitter handelt. D'Kommissioun hat sech zejoert e puer Mol positiv par rappport zu deem Service geäussert, ënner anerem nodeems Twitter ugefaangen hat, Tweete vum fréiere US-President Donald Trump mat der Mentioun, et sollt een de Contenu iwwerpréiwen, ze kommentéieren.
Nei Reegelen: Faktencheck verstäerken
Egal wéi ginn d'Lächer elo an enger éischter Revisioun vum Code de Conduite net all gestoppt. Ënner anerem sollen d'Usere selwer méi an d'Kontroll mat agebonne ginn, seet d'Věra Jourová.
"Mir wëllen, datt d'Leit méi aktiv ginn, selwer iwwerwaache wat si liesen, a si encouragéieren, bestëmmte Contenuen ze markéieren."
Dee neie Code geséich och vir, datt Publicitéit mat Desinformatioune soll méiglechst ënnerbonne ginn. Dozou wier et virun allem néideg, datt déi verschidde Plattforme géigesäiteg Informatiounen doriwwer austauschen. Dozou soll den Accent méi op de Faktencheck gesat ginn, an d'Plattforme ginn opgefuerdert de Fuerscher méi Donnéeën zur Verfügung ze stellen.
EU-Direktiv soll verbindlech Reegele bréngen
Déi sechs Plattforme sinn elo schonn ugehalen, der Kommissioun all Mount ee Rapport ze schécken iwwer d'Mesuren, déi geholl goufen, fir géint Desinformatioun virzegoen.
Google, Facebook a Co hu bis elo sechs där Rapporten ofgeliwwert. Et kann ee se op der Homepage vun der Kommissioun consultéieren. Do gëtt een zum Beispill gewuer, datt Facebook am Mäerz iwwert 1.000 Accounte geläscht huet, well se géint déi intern Reegele verstouss hunn. Oder datt Google all Mount Honnerte vu YouTube-Kanäl mat zweiwelhaftem Contenu a Relatioun mat China zou mécht.
D'Kommissioun ass awer net zefridde mat deene Rapporten. D'Informatiounen, déi doran opgefouert sinn, wieren net prezis genuch, sou d'Kritik.
Fir datt sech d'Behuele vun de Plattformen ännert, musse méi verbindlech Reegele mat Sanktiounen hier, däers ass sech d'Kommissioun bewosst. Si huet eng Propos fir eng Direktiv op den Dësch geluecht. Doriwwer gëtt den Ament ënner den EU-Institutioune verhandelt. D'Kommissioun hofft, datt d'Gespréicher am Fréijoer d'nächst Joer ofgeschloss sinn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.