Horesca kritiséiert d'Regierung "Just mir mussen de Fanger an de Mond stiechen"

Och d'Horesca ass net zefridde mat den annoncéierte Lockerunge vun de Corona-Restriktiounen. Den Horesca-Generalsekretär François Koepp versteet net, firwat datt d'Restauranten a Caféë musse bis Enn vum Mount zoubleiwen, wann d'Geschäfter neess därfen opmaachen. An och net, datt de Couvre-Feu no hanne verréckelt gëtt, wann d'Leit sech haptsächlech am private Kader géifen ustiechen - net am Restaurant.

Michèle Sinner / cz

François Koepp
Foto: Archiv

Bei him géife sech vill Patroen mellen, déi géifen zoumaachen. D'Horesca fuerdert dofir datt d'Betriber de Verloscht vun hire Revenuen kompenséiert kréien. D'Grondgesetz géif jiddferengem d'Recht ginn, fir seng Proprietéit ze notzen, dat wier fir d'Horesca-Betriber momentan awer net de Fall. Dat géif dem François Koepp no enger Enteegnung gläich kommen.


De François Koepp


"An deem Kader seet d'Grondgesetz am Artikel 16, datt de Staat dat muss imdemniséieren à juste titre. Ma da musse mer wann ech glift, eise Revenu dee mer verluer hunn, och indemniséiert kréien. Et ka jo net sinn, datt mir andauernd musse ginn. Mir musse solidaresch sinn. Mir mussen drun denken an mir mussen verstoen, datt alleguer déi aner däerfe schaffen a just mir mussen de Fanger an de Mond stiechen."

Méi zum Thema

Xavier Bettel
No annoncéierte Lockerungen

De Premier Xavier Bettel verdeedegt d'Decisioun vun der Regierung, fir eenzel Restriktiounen ze lackeren. Et misst een awer och séier reagéiere kënnen, wa beispillsweis an dräi Wochen d'Zuelen erëm an d'Luucht géife goen.

Paulette Lenert a Xavier Bettel
Adaptatiounen um Covid-Gesetz

Ënner anerem ginn d'Schoulen an d'Crèchen den 11. Januar nees op, de Couvre-feu gëtt vun 21 op 23 Auer geréckelt an d'Restriktiounen am Sport an am Kultursecteur gi gelackert. D'Horesca bleift bis den 31. Januar zou.

Michel Pletschette
Restriktiounen

Zuele vun Neiinfektioune sinn nach ëmmer ze héich, esou den Epidemiolog Michel Pletschette. Et dierft een d'Restriktiounen net ophiewen an iwwer Couvre-feu vun 18 Auer un an zoue Schoulen nodenken.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen