Strofrecht Jugendschutz a Jugendstrofrecht: Wou ass den Dossier drun?

Dat aktuellt Jugendschutzgesetz vun 1992 soll zanter Jore reforméiert ginn. Nodeems de Staatsrot zum éischte Gesetzesprojet viru bal zwee Joer 24 formell Oppositioune formuléiert hat an och soss Bedenke geäussert gi waren, gouf Ufank des Joers decidéiert, den Text ze iwwerschaffen an an zwee opzedeelen: E Volet Jugendschutz, an e Volet Jugendstrofrecht.

Paule Rodesch / cbi

D'UNISEC zu Dräibur
D'UNISEC zu Dräibuer. Foto: Archiv

Déi zwee Texter solle bis d'Enn vum nächste Joer fäerdeg sinn. Deen Zäitplang wëllt d'Justizministerin Sam Tanson och anhalen. Fir de Volet vum Jugendstrofrecht läit en éischten Entworf vum Justizministère vir, dee soll elo an d'Consultatioun bei de Parquet, d'Autorité judiciaire, goen.

"Et geet elo mol drëm grouss Prinzippien ze fixéieren. En Âge minimum, also vun deem een iwwerhaapt ënner den Text fält. Och kucken, datt Kanner oder Jugendlecher, déi vläicht op der Limitt sinn, wéi mer mat deenen ëmginn, datt ee mat 18 Joer net direkt esou traitéiert gëtt, wéi wann een e Majeur wier. An eben all déi strofrechtlech Garantien: Wéi leeft de Prozess of, fir dee Jonken, wie kann oder muss wéini derbäi sinn, d'Assistance judiciaire, an dann och nach aner Assistenzen, déi ee ka kréien, d'Evaluatioun vun deem Jugendlechen? ... Alles dat gëtt am Text definéiert."

Donieft sollen och alternativ Moossnamen zu der Prisongsstrof festgehale ginn, déi soll nämlech nëmmen nach den allerleschten Auswee duerstellen.

Mannerjäreger zu Schraasseg

Ee vun den Haaptkritikpunkten an der Diskussioun ronderëm de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht war deen, datt schwéier stroffälleg Mannerjäreger aktuell kënnen am Erwuesseneprisong zu Schraasseg placéiert ginn.

An Zukunft soll dat net méi méiglech sinn. Ufanks des Joers war ee 17-Järegen an där Situatioun. Dozou sot Enn Januar déi international unerkannte Kannerrechtsexpertin vun der UNO Renate Winter - déi elo dem Justizministère bei der Ausaarbechtung vum neien Text zur Säit steet - hei op der Antenn.

"Ich glaube nicht, dass es möglich, nötig und überhaupt menschenrechtskonform ist, Kinder in eine Erwachsenenanstalt einzusperren. Das Problem das es hier gegeben hat, ist, dass das Gesetz oder die Infrastrukturen keine andere Möglichkeit vorsehen.

Et feelt effektiv un enger Alternativ, gëtt d'Justizministerin Sam Tanson zou. D'UNISEC, d'Unité de Sécurité zu Dräibuer, déi zanter dräi Joer operationell ass, wier net adaptéiert fir e reelle Prisong fir Jugendlecher duerzestellen. Et géif no enger Alternativ gesicht ginn, bis ewell awer ouni konkret Resultat.

Jugendschutz ass méi komplizéiert

Wat dann de Volet Jugendschutz ubelaangt, wier d'Ausaarbechtung vum Gesetzesprojet méi komplizéiert, esou d'Ministerin weider. Ënner anerem, well vill verschidden Acteure bedeelegt wieren: den Text gëtt zesumme mam Educatiouns- a Gesondheetsministère ausgeschafft. Wichteg wier et virun allem fir d'Prozeduren esou wäit wéi méiglech ze dejudiciariséieren.

"Dat heescht, datt mer e Méi eraushuelen aus deem geriichtlechen, oder voir wéi et leo haut ass, dee Kontext, fir ze probéieren esou gutt wéi méiglech déi Schutzmissioun ze erfëllen an och esou gutt wéi méiglech d'Eltere mat derbäi ze halen. Dat ass e wichtegt Element, datt wéi och ëmmer d'Situatioun ass an natierlech ëmmer am Intérêt supérieur vum Kand, probéiert gëtt d'Eltere mat u Bord ze behalen, mat an d'Decisiounen ze implizéieren, déi d'Kand betreffen."

Den Text iwwer de Jugendschutz wier aktuell awer nach net sprochräif, esou nach d'Sam Tanson.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Paule Rodesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Jugendschutzreform
Justiz

D'Vertriederin vum Parquet général betount, datt si e Jugendstrofrecht net géif begréissen. No Consultatioune mat der UN-Kannerrechtsexpertin, soll d'Jugendschutzreform op zwee Texter opgedeelt ginn, sou d'Justizministerin.

Renate Winter
Jugendschutz a Jugendstrofrecht

Lëtzebuerg bräicht en zousätzleche Prisong fir Jugendlecher, déi ganz schwéier Strofdoten beginn, seet d'Renate Winter. D'Kannerrechtsexpertin hëlleft dat aktuellt Jugendschutzgesetz ze reforméieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen