Informatiounszougangsrecht "Journaliste liewen nach ëmmer bal am Mëttelalter"

Well dat geplangten Informatiounszougangsgesetz fir Bierger net wäit genuch geet, huet de Presserot eng eege Propositioun de Loi fir den Informatiounszougang fir Journalisten ausgeschafft. D'Lëtzebuerger Journaliste fuerderen zënter Joren en Informatiounszougangsrecht fir Journalisten.

Mick Entringer / cbi

Luc Caregari
Luc Caregari, President vun der Journalistenassociatioun

Well dat geplangten Informatiounszougangsgesetz fir Bierger net wäit genuch geet, huet de Presserot eng eege Propositioun de Loi fir den Informatiounszougang fir Journalisten ausgeschafft. Journaliste kéinten net ee Mount op eng Informatioun vun enger Verwaltung waarden, fir hir Aarbecht ze maachen, seet de Luc Caregari vum Presserot a President vun der Journalistenassociatioun.

Am europäesche Verglach wär Lëtzebuerg e schwaarzt Lach wat den Accès un Informatiounen ugeet, esouguer d'Westbalkan Länner wéi Bosnien an de Kosovo hätten esou Gesetzer. Fir eng modern Demokratie ze sinn, bräicht een dat, esou de Luc Caregari. Lëtzebuerg géif sech als oppent an tolerant Land verkafen, et géif ee Milliounen ausgi fir Nationbranding, mä d'Journaliste géifen "hei nach ëmmer bal am Mëttelalter liewen", esou de President vun der Journalistenassociatioun.

"Et geet net ëm Staatsgeheimnisser"

Ëm wat fir eng Informatioune geet et dobäi? Et wéilt ee kee Recht kréien, fir Staatsgeheimnisser gewuer ze ginn, seet de Luc Caregari. Et géif ëm ganz alldeeglech Saache wéi Statistiken oder Pläng goen. Dat wiere keng Staatsgeheimnisser, an et géif och net drëm goen, dem Noper an de Gaart ze kucken.

Mat senger Propositioun de loi iwwert en Informatiounszougangsrecht fir Journaliste wéilt de Presserot en Debat ausléisen. En oppenen an transparenten Zougang zu Informatioun wär am Interessi vun alle Bierger, esou nach de Luc Caregari.

"Mir si keng Communiquanten"

Der Media Pluralism Monitor Etude no kritt Lëtzebuerg eng ganz schlecht Zensur wat den Zougang zu Informatiounen ugeet. De Premier- a Kommunikatiounsminister hat versicht den Zougang zu Informatioun fir d'Press iwwert déi sougenannten Circulaire Bettel ze reegelen. Et sollt de Journaliste méi einfach gemaach ginn fir un Informatiounen ze kommen andeems een iwwert Pressespriecher an der Ministere fiert. Der goufen och vill agestallt. De Luc Caregari zitt en éischter negative Bilan vum Circulaire Bettel:

"D'Journaliste gesinn dat éischter als en Hindernis un. Et muss een et richteg verstoen: Mir si keng Communiquanten. Wann d'Informatiounen esou gefiltert gi wéi se duerch d'Circulaire Bettel gefiltert kënne ginn, dann hu mir am Fong duerno näischt eraus fonnt. Fir ze erkläre wéi d'Circulaire Bettel funktionéiert: Wann ech als Journalist engem Ministère uruffen, an engem Beamten eng einfach technesch Fro stellen, da muss dee säi Pressespriecher froen, dee säi Minister, dee kënnt erëm duerch dee Filter gaangen ass zréck bei de Beamten, an de Beamte seet wat duerch dee Filter gaangen ass. Dat huet näischt mat Transparenz a Pressefräiheet ze dinn. Dat huet just eppes ze di mat enger Regierung déi onbedéngt hir Kommunikatioun zu 100% wëll kontrolléieren."

Wann ee géint Rumeuren an Fake-news wéilt kämpfen, da misst een d'éischt dofir suergen, datt déi Informatiounen déi um Marché sinn och sécher sinn. Dat géing am beschte wann ee kloer Reegele fir Transparenz an "Accountability" opstellt.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Luc Caregari
Zougang zu Informatiounen

De President vun der Journalistenassociatioun ALJP wëllt mam Legislateur iwwer d'Informatiounszougangsgesetz diskutéieren. Zënter engem Géigevirschlag vum Presserot hätt sech am Dossier näischt gedoen.

Luc Caregari
Journalismus

D'Regierung verweigert de Leit e Grondrecht op Informatioun, seet de Luc Caregari vun der ALJP. De Presserot hätt e Géigenentworf zum Gesetzprojet iwwer den Informatiounszougang ausgeschafft.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen