De Bisser Buergermeeschter Jos Schummer huet demissionéiert. Wéi den CSV-Politiker an engem Schreiwes matdeelt, huet hie gëschter dem Grand-Duc säi Récktrëtt agereecht. Hien hätt dat gemaach, well hie sech géint Falschmeldungen an Aussoe wéilt wieren, awer net géint seng Wieder wéilt goen.
De Jos Schummer wëllt de Mëtteg an der Gemengerotssëtzung um 17 Auer Detailer ginn.
D'lescht Woch haten déi zwee CSV-Schäffe Frank Clement a Carlo Mülbach demissionéiert, d'Oppositioun am Bisser Gemengerot vun der Beweegung "Är Leit" hat gefuerdert, datt de Jos Schummer och misst zrécktrieden.
Hannergrond ass d'Implantatioun vu Google an der Gemeng Bissen.