Kooperatioun Jonk Kapverdianer sollen hei eng Léier maachen

De Cap vert ass een Zilland vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef. Fir d'Ekonomie unzedreiwen, solle Jonker hei zu Lëtzebuerg eng Formatioun kréien. Et gëtt méi einfach un e Visa ze kommen.

Carole Schimmer / sm

Cap Vert
De Cap vert: Zilland vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef

Mam Gesetzprojet, deen am Januar deponéiert gouf, solle flexibel Visae fir jonk Kapverdianer agefouert ginn. Esou e Visa kann tëschent engem an fënnef Joer hunn.

Domat gëtt eng Circulaire Migratioun méiglech: et kann een ëmmer erëm kommen an och goen. Et gëtt méi einfach op Lëtzebuerg anzereesen, eng definitiv Openthaltsgenehmegung ass dat awer nach net.

Jonken eng Zukunft an hirer Heemecht erméiglechen

"Di Jonk solle Perspektive kréien, fir sech am Cap Vert selwer e Liewen opzebauen”, seet de Kooperatiounsminister Romain Schneider. Dofir kréien déi, déi kommen, eng professionell Formatioun zum Beispill an den Sekteuere vun der Hotellerie, dem Handwierk, der Landwirtschaft oder och den erneierbaren Energien.

"Dat ass komplementar zu der Entwécklungshëllef, déi Lëtzebuerg do leescht", seet de Romain Schneider. De Kooperatiounsminister wëllt de Projet am A behalen. D'Zil wier et, de Cap Vert op seng eege Féiss ze kréien a Jonken eng besser Zukunft ze erméiglechen.

Interview Romain Schneider

Méi zum Thema

Valérie Dupong
Preventioun vu Gewalt géint Kanner

D'"Association pour la prévention des sévices à enfants" schafft elo méi enk mat de Spideeler zesummen, erkläert d'Affekotin Valérie Dupong. D'lescht Joer huet d'Associatioun 300 Kanner suivéiert.

D’lëtzebuerger EU-Presidence sëtzt sech dofir an, datt d’Kultur eng méi grouss Roll an der europäescher Entwécklungspolitik kritt.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen