Et wier een och de Moment och net am Zenario vun enger exponentieller Hausse, wéi där, déi et am Hierscht gouf, wou d'Zuel vun de Patienten an de Spideeler bannent e puer Deeg ganz séier eropgaangen ass. "Souguer wann d'Zuele géifen nach e bëssen an d'Luucht goen, géife mer et nach packen am Moment", sou de Jean Reuter.
"Mir sinn zënter Wochen op engem Plateau dee relativ stabel bleift, dee mécht datt mer an all de Spideeler eng gewëss Unzuel vu Covid-Patienten hunn, déi och de gesamte Gesondheetssystem belaaschten, mee mir sinn awer definitiv net op engem "point de rupture" a souguer wann d'Zuele géifen nach e bëssen an d'Luucht goen, géife mer et nach packen am Moment."
Krittesch géif et, dem Intensivmedeziner no awer ginn, wa bis een Drëttel vun den Intensivbetter just mat Covid-Patiente beluecht sinn. Zum méiglechen Impakt vun der brittescher Virusvariant, déi hei am Land wäit verbreet ass, seet de Jean Reuter et hätt een zu Lëtzebuerg net genuch Recul a Fallzuele fir selwer Réckschlëss kennen ze zéien. Eng Rei Studien hate rezent drop higewisen, datt d'Variant B 117 vum Virus méi schwéier Verleef a méiglecherweis och méi Doudesfäll kéint mat sech bréngen, sou nach de Jean Reuter, deen op der Intensivstatioun vum CHL schafft. Vum Moment un wou een Drëttel vun den Intensivbetter mat Covid-Patiente beluecht wiere géif et awer kritesch ginn.