Éierestaatsminister Jean-Claude Juncker kritt Büro zu Lëtzebuerg

No senger Zäit als EU-Kommissiounspresident wäert de Jean-Claude Juncker och zu Lëtzebuerg en offizielle Büro an e Sekretariat kréien. Dat huet de Staatsministère eis op Nofro hi confirméiert.

Jean-Claude Franck / cbi

Jean-Claude Juncker EU-Sommet 18 Okt 2018
De Jean-Claude Juncker um Oktober 2018. Foto: Archiv

Dat wier d'selwecht wéi bei anere fréiere Premierministeren, zum Beispill dem Jacques Santer. Ob de Staat och mat verschiddene Mesuren d'Sécherheet vum Jean-Claude Juncker garantéiert, ass nach net gewosst. Wéinst der aktueller Funktioun vum Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident géif dat iwwerpréift ginn.

D'Regierung wäert en temps utile eng Decisiounen huelen, wat dat an dësem präzise Fall bedeit, esou de Staatsministère. D'lescht Woch hate mir gemellt, datt de Jean-Claude Juncker déi nächst fënnef Joer och kann zu Bréissel am Gebai vun der EU-Kommissioun e Büro notzen.

De Jean-Claude Juncker hat am Abrëll gesot, hie kéint sech virstellen, no senger Zäit zu Bréissel d'Lëtzebuerger Regierung ze beroden. Vum Staatsministère heescht et, iwwer déi aktuell europäesch Sujete géif et reegelméisseg Kontakt tëschent dem Jean-Claude Juncker an dem Premier Xavier Bettel ginn. De Jean-Claude Juncker hat an deem Interview och gesot, no sengem Mandat zu Bréissel wéilt hie seng europäesch Memoirë schreiwen.

Méi zum Thema

Fändele vun der EU virum Berlaymont-Gebai
EU-KOMMISSIOUN

De Jean-Claude Juncker ka weider ee Büro am Kommissiounsgebai zu Bréissel notzen, och nodeems hien net méi President vun der Kommissioun ass. Déi Reegel ass nei, si gëllt fir fënnef Joer.

De Jean-Claude Juncker am Interview mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck
Euranet Plus Summit 2019

De Jean-Claude Juncker wëllt net nach eng Kéier EU-Kommissiounspresident ginn. Hie strieft och keen nationaalt Mandat un, mee kéint sech virstellen, d'Lëtzebuerger Regierung ze beroden.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen