Balkanvisite Jean Asselborn Jean Asselborn am Kosovo

Leit aus dem Kosovo hu kee Grond fir zu Lëtzebuerg Asyl unzefroen. Op dem Punkt waren de kosovareschen an de Lëtzebuerger Ausseminister sech eens, wéi si sech gëschter zu Pristina getraff hunn. Déi kosovaresch Regierung wënscht sech awer, datt hir Landsleit et méi einfach gemaach kréien fir legal an EU-Länner ze reesen.

Rick Mertens (Pristina) / mak

Lego zu Prishtina
The missing piece in the EU-puzzle? Fir déi Fro steet dëse Lego-Steen am Zentrum vu Pristina

Am Moment sinn d'Dieren an d'Europäesch Unioun fir Kosovare gréisstendeels zou. De Kosovo ass dat eenzegt Land an der Balkan-Regioun, an dem d'Leit e Visa mussen ufroen, wann si fir manner wei dräi Méint an d'EU wëlle reesen. Den Enver Hoxhaj ass net frou datt sech nach näischt doru geännert huet, obwuel zënter bal fënnef Joer mat der EU iwwert eng Visa-Liberaliséierung verhandelt gëtt. Et wier enttäuschend, datt d'Verhandlunge mat der EU sech weider verzögeren, sot de kosovareschen Ausseminister. "Ech sinn och ganz enttäuscht doriwwer, datt mir eng eenzeg national Viraussetzung net konnten erfëllen, nämlech d'Ratifizéierung vun enger Grenzmarkéierung tëscht dem Kosovo a Montenegro."

D'Fro ronderëm d'Grenz mam Montenegro misst awer gekläert ginn, fir datt d'Visa-Fräiheet kann accordéiert ginn, sot de Jean Asselborn. Donieft misst de Kosovo och méi Efforten maache fir d'Korruptioun ze bekämpfen. "Wann déi zwou Saache gemaach sinn, da géif ech mengen, datt mer et séier fäerdeg bréngen d'Visa-Liberaliséierung ronn ze kréien", sou de lëtzebuergeschen Ausseminister. Schliisslech hätte quasi all déi aner Länner an der Regioun scho Visa-Fräiheet. De Jean Asselborn huet awer och virum Abus vun der Méiglechkeet ze reese gewarnt.

Aus deem Grond géif am Moment op EU-Niveau iwwer Mesuren nogeduecht ginn fir ze verhënneren, datt Leit vun der Visa-Fräiheet profitéieren fir permanent an der EU ze bleiwen. An Zäite vun der Flüchtlingskris ass d’Visa-Liberaliséierung och ënnert den EU-Länner e sensibelt Thema.

1. Dag Visite am Kosovo

Méi zum Thema

D'Famill Stevic hannert hirem Haus
Migratioun

Leit aus dem Kosovo, déi Asyl zu Lëtzebuerg ufroen, gëllen als ekonomesch Migranten. Si hu kee Recht zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Wat erwaart dës Mënschen, déi an de Kosovo zeréck ginn?

“Mir däerfen eis beim Ophuele vu Réfugiéen aus Syrien net aschränke loossen, aus Angscht datt ënnert de Réfugiéen Djihadsite vum “Islamesche Staat” kéinte gemëscht ginn”. Dat sot den Ausseminister Jean Asselborn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen