Simon Larosche: Wann ech mech richteg erënneren, wollts du eis haut eppes iwwer Geléintes erzielen, wat mengs de domadder?
Sam Mersch: Ma mir kennen et jo alleguerten, datt och am Lëtzebuergesche vill nei Wierder aus dem Franséischen, dem Däitschen an dem Englesche benotzt ginn. Ech wollt dat Phenomen haut emol mam Bléck op d'Sproochgeschicht ukucken.
Wëlls du also soen, datt sou eppes net nëmmen hautdesdaags virkënnt?
Jo, genau. Dat e Wuert geléint gëtt, dat kënnt an all Sprooch vir, an dat ass och schonn ëmmer an all Sprooch virkomm. Et ass am Fong normal, datt, wa Spriecher vun zwou Sprooche matenee Kontakt hunn, och d'Sprooch e bëssen ausgetosch gëtt.
Virun allem dann, wann et e Wuert an enger Sprooch gëtt mat enger Bedeitung, déi an där anerer Sprooch sou net virkënnt.
Du mengs, sou wéi mir dat englescht Wuert Computer benotzen?
Dat wier e rezent Beispill, jo. Mee et ginn och méi aler. Et kann ee quasi vun alle Sproochen, déi hei am Eck geschwat gi sinn, geléinte Wierder am Lëtzebuergesche fannen.
Du mengs also och ganz aler, sou wéi Keltesch?
Am Prinzip jo, mee bei "Keltesch" muss een oppassen. Den Term ass éischtens ganz vag. Dann ass et nach sou, datt vill Wierder mat keltescher, loosse mer soe gallescher Originn virun allem an den Uerts- a Flouernimm virkommen. Déi beweisen u sech awer bal ëmmer nëmmen, datt mir dës Wierder iwwert d'Laténgescht kritt hunn. A bei ville Wierder, bei deene gesot gëtt, se wiere keltesch, do ass et just sou, datt een et am Fong net richteg weess.
Et ginn awer och Vereenzelter, sou wéi d'Amecht, déi relativ sécher aus dem Galleschen op eis duerkomm sinn.
Amecht, ech kennen dat Wuert awer net.
Et ass kee Wuert, wat nach vill benotzt gëtt. Et ass awer nach am Ufank vum 20. Joerhonnert virkomm. Et ka vill Saachen heeschen, mee et gëtt ëmmer e Bezuch op eng Funktioun. En Amt, kéint ee soen. Dëst Wuert ass och mam Wuert Amecht Famill, genau wéi d'Wuert Ambassade. Ursprénglech huet dat gallescht ambacto eng Zort Delegéierte bezeechent.
Ma du sos virdrun, datt déi meescht sou Wierder iwwert d'Latäin an d'Lëtzebuergescht komm sinn. Hues de do nach aner Wierder?
Do gëtt et der e puer. Schéi fannen ech d'Beispill Mauer, vu laténgesch murus. Hei ass et sou, wéi bei villen anere Wierder, datt dëst Wuert scho fréi vum Laténgeschen an d'Germanescht komm ass, sou fréi, datt et nach kee Lëtzebuergesch gouf. Et muss ee sech virstellen, datt d'Laténger eng Zort Mauer gebaut hunn, wuel mat Steng, déi d'Germane vun der Technik hier net kannt hunn. Dunn hu se d'Technik an d'Wuert iwwerholl.
Interessant, mee dat do ass jo awer ural, hues de keng méi rezent Beispiller?
Ma, wéini mengs de, wieren da schonns englesch Wierder an d'Lëtzebuergesch komm?
A, ma dat ass jo awer ganz nei.
Net ganz, et geet och méi fréi. Hei hëllefen eis d'Flouernimm zum Beispill. Den Numm Kockelscheier, war ursprénglech e Flouernumm. Nieft der Kockelscheier fënnt een och nach de Kuckelsbësch. Där Nimm ginn et der relativ vill uechter d'Land a se si mat Kueleproduktioun ze verbannen. Et ass sou, datt mat der Industrialisatioun gewëss Techniken aus England och bei eis komm sinn, an domadder och dat Wuert coke fir d'Kueleproduktioun, wat an der Kockelscheier stécht.
Ech gesinn, et kann een also d'Geschicht vun engem Wuert ëmmer mat der Geschicht vun de Leit verbannen.
Prinzipiell jo, mee et kann een net ëmmer all Wuert gutt analyséieren. Heiansdo gëtt et puer méiglech Äntwerten an heiansdo einfach guer keng gutt.
Wéi gesäit et da mam Däitschen oder Franséischen aus?
Ech hunn ëmmer de Pottschamb witzeg fonnt, aus dem franséische pot de chambre, eng Zort fancy Potti. Aus dem Däitsche ginn et der vill, Verschiddener jonk, Verschiddener al a bei Verschiddene gesäit een et net méi.
Kanns de eis e Beispill ginn?
Ma, kuck der d'Wierder Luucht a Loft un. Luucht ass ganz reegelméisseg entstanen aus enger Form Luft. Dës Entwécklung ass zimmlech al. Du huet sech awer d'Bedeitung liicht geännert an et wollt een awer nach e Wuert fir Loft hunn. Et kann een dat aalt jo awer net méi huelen, well sech dat jo sou verännert huet, da sicht een sech dat nächstbescht. An do ass et da sou, datt Loft, nach als Luft, aus engem ugrenzenden däitschen Dialekt geléint ginn ass a sech da spéider zu Loft entwéckelt huet.