arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer d'Erdrénken

Fräie Mikro

|
reading time

4 min

Iwwer d'Erdrénken

An de Summerméint sinn eng Partie Leit erdronk - an eise Schwämmen a Weieren, mee och nees Migranten, déi iwwer dee Wee an en europäesche Memberstaat areese wollten. D'Gestioun vun deenen Doudesfäll weist, datt d'Lëtzebuerger Autoritéiten de Schutz vum Recht op Liewen net seriö genuch huelen.

reading time

4 min

Et ass Rentrée, a Wahlkampf - u sech e Moment, fir déi wichtegst politesch Prioritéite festzeleeën. Intuitiv kéint ee mengen, de Schutz vum Liewen géif dozou gehéieren. Datt awer net all Liewen d'selwecht vill Wäert ass, weisen eng Partie Virfäll vum Summer.

Flüchtling oder Migrant? Weder nach

Dat mannst wat ee soe kann, ass, datt Dir besser e Stacklëtzebuerger sidd, wann Dir riskéiert ze erdrénken. Déi Lektioun schonn emol en Vue vun de sëllechen iwwerfëllte Booter, deenen hir Passagéier versichen, sech an Europa e bessert Liewen opzebauen.

Sinn dat da wierklech Flüchtlingen, oder awer just Migranten? Sou d'Fro, déi sech stellt, éier eng Rettung iwwerhaapt envisagéiert gëtt. Net de Guttmënsch, mee de Jurist äntwert: Weder nach. Mënschen, déi riskéieren am Mier ze erdrénken, si vum rechtleche Standpunkt aus gekuckt an deem Moment näischt anescht, wéi Personnes en danger. Wien d'Méiglechkeet huet, si ze retten, mee dat net mécht, mécht sech un hirem Doud mat schëlleg. Eréischt dono duerf gekuckt ginn, wat hir Motivatioun ass.

D'Kritik kéint nuancéiert ginn, well d'Lëtzebuerger Regierung sech am Endeffekt bereet erkläert huet, eng Partie Leit opzehuelen. E Grond houfreg ze sinn ass dat allerdéngs net, well och dat gouf eréischt gemaach, nodeems een op d'Plaz war a sech déi schlëmmste Fäll erausgefëscht huet, déi strikt Approche och an der Kommunikatioun ënnerstrach huet. Fir de Rescht gëtt drop higewisen, datt Lëtzebuerg net méi wéi säin Deel maache kann. Dat hu mir iwwregens nach ni probéiert, sou wéi mir och ganz diskret bleiwen, wann et drëms geet, déi entspriechend Dispositiver op EU-Niveau ze reforméieren.

Et ass egal, wou een erdrénkt

Wie mengt, eis Spigelneurone géingen ebe just dat erfaassen a mat der entspriechender Empathie würdegen, wat an enger raisonnabeler Distanz geschitt, läit allerdéngs och net ganz richteg. E Beispill heivir ass de Fall vum portugisesche Rapper Puto G., deen am Rëmerschener Baggerweier erdronk ass. Wat am Ufank no engem trauregen Accident ausgesinn huet, gouf dono op d'mannst zum Deel duerch d'verspéitent Agräife vum Personal erkläert, e Personal, dat sech an där Saach latente Rassismus huet misse virwerfe loossen.

Et ass also egal, wou een erdrénkt, mee net egal, wien een ass. E Migrant, e jonke Schwaarze gëtt net virrangeg als Mënsch erfaasst, mee als Member vun enger Kategorie, déi ee vernoléissege kann, an déi sech am Noutfall als éischt emol verdeedege mussen. Sinn et net reng ekonomesch Grënn? War de jonke Rapper net eventuell bekifft? Dat sinn d'perfid Froen, déi vum Haaptproblem an de Responsabele sollen oflenken. Well et sinn am Endeffekt déi selwecht Longen, déi sech hei mat Waasser fëllen, an och d'Rettungsflicht ass déi selwecht.

All Doudesfall adequat opklären

Net vill anescht war et virun e puer Méint, wéi matten a Bouneweg e Mann vun engem Polizist erschoss gouf - och dat e Fait divers, dee séier vergiess gouf, well dat Liewen net wichteg genuch war. Dobäi sinn all eis Institutiounen an Autoritéiten un de Respekt vum Artikel 2 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun gebonnen, deen och implizéiert, all Doudesfall adequat opzeklären. Dat léisst déi Responsabel anscheinend kal, well och si wëssen, datt och déi legitimste Cause ouni entspriechend Supporteren an der Indifferenz ënnergeet.

Well während déi eng Politiker souwisou an enger infekter Friemefeindlechkeet bueden, fäerten eng Partie anerer, mat enger ze vill humanistescher Approche Stëmmen ze verléieren.

Den Discours réckelt ëmmer méi no riets

Dobäi sinn et ebe just déi, déi sech no bausse prinzipiell als Grondrechtsverdeedeger positionéieren, dat Engagement awer ni ënner Beweis stellen, déi sech mat schëlleg maachen. Et ass och keng intelligent politesch Strategie. Well während Multinationale wéi de Sportgigant Nike mat immensem Succès Campagne fir d'Grondrechter maachen, dem Konsument (net ouni Hannergedanken) op d'mannst d'Impressioun ginn, do wier eppes Wichteges, fir dat ee sech nach an der Welt engagéiere kann - zum Beispill de Kampf géint Rassismus - sinn d'Politiker grad do, wou ee si brauch, net ze fannen, well si fäerten, do géif ee keng Wahle gewannen.

Dat erkläert och, firwat den dominanten Discours ëmmer méi no riets réckelt, Stëmme fir e Wandel ëmmer nees als naiv verworf ginn. D'Solidaritéit léisst op sech waarden, en alternative Gesellschaftsmodell, deem säi moraleschen Horizont iwwer d'Landesgrenzen erausgeet, souwisou.

Ganz am Géigendeel: de Krees vun deenen, mat deene mir prett sinn eise Wuesstem ze deelen, gëtt ëmmer méi enk gezunn. Zukunft op Lëtzebuergesch eben. A fir déi Aner: Kapp héich!


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.