Italien Pierre Gramegna : Rou behalen

Déi politesch Onsécherheet an Italien ass net gutt fir d'Finanzmarchéen, mee et gëtt iwwerhaapt kee Grond fir ze panikéieren, seet de Pierre Gramegna. Déi drëttgréisst Ekonomie an der Eurozon géif zanter enger Rei vu Joeren den europäesche Wuesstums- a Stabilitéitspakt respektéieren. Allerdéngs hätt Italien nach ëmmer zevill Scholden, an hätt Schwieregkeete fir dës ofzebauen, esou de Lëtzebuerger Finanzminister.

Serge Kesseler / fk / cz

Pierre Gramegna
Pierre Gramegna (Foto: Archiv)

Rationell gesinn géif et der italienescher Ekonomie haut besser goen, wéi virun zwee Joer, seet de Pierre Gramegna. "Wann een d'Budgets-Ziffere kuckt, déi se Bréissel soumettéiert hunn, hale se d'Critèren an", seet de Lëtzbuerger Finanzminister. Hie gesäit dofir och kee Grond fir ze panikéieren.

Italien huet Scholden an Héicht vun 132 Prozent vu senger Wirtschaftsleeschtung: 60 Prozent vum PIB sinn den europäesche Reegelen no erlaabt. Italien gëllt an der Eurozon an Tëschenzäit als dee wuel gréissten Onsécherheetsfacteur, schreift d'Noriichtenagence DPA geschriwwen.

"Rou behalen"

Hie kéint de Wëlle vum italienesche President novollzéien, seet de Laurent Mosar. Den CSV-Deputéierte stellt sech awer d'Fro, ob d'Populisten an Italien net riskéiere vun der aktueller innepolitescher Situatioun zu Roum profitéieren, wat net am Interesse vun der EU wier.

Et wier elo mol wichteg, datt d'EU rou behält. Et sollt een ofwaarden, weini déi nächst Wahle kommen a kucke wat d'Resultat vun deene Wahle wäert sinn. Och de Laurent Mosar gesäit fir de Moment kee grousse Risiko, mee "dat kann awer nach änneren, wann d'Resultat vun deenen nächste Wahlen, déi aktuell populistesch Parteien nach méi géif stäerken", sou den CSV-Deputéierten.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet de Moien och nach gesot, datt hien dovun ausgeet, datt egal wéi eng Regierung et an Italien wäert ginn, se déi europäesch Verträg wäert respektéieren. Hie kéint nëmmen dovun ausgoen, datt d'EU-Memberschaft vun Italien an d'Euro-Memberschaft ënner kengen Ëmstänn géifen a Fro gestallt ginn.


Bäitrag vum Serge Kesseler am Panorama vun 12 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Antonio Tajani
Itallienesch Wahlen

An Italien ass eng Regierung mat der Bedeelegung vun der extrème Droite net ausgeschloss. Bréissel kuckt gespaant op Roum. De President vum Europaparlament, den Antonio Tajani, wëllt Premier ginn.

Michel Delage
Bankerettung

Sollten d'Banken an Italien an d’Struewele geroden, wier dat fir d’Eurozone eng Belaaschtung, déi se bis elo nach net kannt huet, schreift de Michel Delage an enger Wirtschaftschronik.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen