Observatoire de l'islamophobie au Luxembourg Islamophobie erliewen oder beobachten

De Phenomeen, datt Mënsche wéinst hirer Zougehéieregkeet zum Islam diskriminéiert oder beleidegt ginn, gëtt et och zu Lëtzebuerg. Dat ass jiddefalls de Constat vum Observatoire de l'Islamophobie au Luxembourg (OIL). Et ass eng Privatinitiativ, déi um Enn vum leschte Joer en éischte Rapport zu dësem Theema verëffentlecht huet.

Stephan Polet / cbi

Islam - Symbolbild
Symbolbild. Foto: Bigstock / satel

Fir e Phenomeen ze moossen, muss een dëse fir d'éischt definéieren. D'Auteure vum Rapport hunn d'Islamophobie definéiert als all Form vun Diskriminatioun, verbaler oder kierperlecher Gewalt, déi sech géint Institutiounen oder Leit riicht, déi dem Islam ugehéieren - sief dës Zougehéieregkeet reell oder supposéiert.

Vun deene Leit, déi bei der Etüd matgemaach hunn, menge 60 Prozent, datt et Islamophobie zu Lëtzebuerg gëtt. 340 Moslem wiere gefrot ginn, ob si selwer scho mol Akte vun Islamophobie erlieft oder beobacht hunn, dat fir d'Joren 2017 an 2018. De Lahcen Abarri ass ee vun den Auteure vun der Etüd. Vun 2017 op 2018 hätt een awer eng Baisse festgestallt.

Männer a Fraen erliewen Islamophobie anescht

Fir 2018 hätte 26 Prozent vun de befrote Moslem uginn, datt si scho mol islamophob Akte beobacht hunn. 21 Prozent soten, datt si scho selwer Affer gi sinn. Hei géifen et awer Ënnerscheeder tëschent Männer a Frae ginn, seet de Lahcen Abarri: "Männer soe méi dacks, datt si Islamophobie beobacht hunn. Fraen erliewen awer méi dacks selwer Islamophobie."

Et géifen awer och méi positiv Noriichte ginn, erkläert de Lahcen Abarri. Déi befrote Moslem géife sech allgemeng gutt zu Lëtzebuerg integréiert fillen a manner diskriminéiert wéi an den Nopeschlänner.

Wéi representativ ass d'Etüd?

Befrot goufen 195 Männer an 145 Fraen. Bal d'Hallschent vun de Participante si Lëtzebuerger. Eng 30 weider Prozent si Residanten, de Rescht si gréisstendeels Frontalieren. Erausgesicht goufen si vu moslemeschen Acteuren zu Lëtzebuerg, ënner anerem iwwer Facebook-Gruppen op eng zoufälleg Manéier an op fräiwëlleger Basis.

Et stellt sech natierlech d'Fro, wéi representativ sou eng Etüd fir déi ganz moslemesch Bevëlkerung zu Lëtzebuerg ass, déi am Rapport op 20.000 geschat gëtt. Aus der Etüd geet och net ervir, ob Membere vun ënnerschiddleche Communautéiten, wei zum Beispill Sunittten oder Schiitten un der Ëmfro deelgeholl hunn.

De Lahcen Abarri seet, datt et eng éischt Etüd wier an datt een dofir virsiichteg misst sinn. "Et kann een net soen, datt dat elo Allheelmëttel ass oder d'Etüd vum Joerhonnert." Et misst een d'Etüd awer seriö huelen, och wa se kéint verbessert ginn.

D'Etüd ka verbessert ginn

Den Yves Boden ass President vum Observatoire de l'islamophobie. Och wann ee sécher nach Saache verbessere kéint, wier et fir d'éischt mol wichteg gewiescht, eng éischt Etüd an domat eng Basis ze hunn.

Den Observatoire wier och nach op der Sich no méi finanzielle Mëttelen, ouni u Konditioune gebonnen ze sinn, fir onofhängeg ze bleiwen, seet den Yves Boden. Domat wéilt een d'Qualitéit vun de Sondagen an de Statistike verbesseren a mat Professionellen aus deem Domän schaffen.

Den Observatoire de l'islamophobie au Luxembourg ass eng Asbl mat enger Ekipp vu sechs Leit. Dorënner och Membere vun der Shoura, also der offiziell unerkannter Organisatioun vun de Moslemen zu Lëtzebuerg.

D'Zil vum Observatoire allgemeng wier et, Informatiounen iwwer d'Islamophobie hei am Land ze sammelen, mee och Preventioun ze maachen, géint all Forme vun Diskriminatioun.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Fräiwellëger hu fir näischt waarmt Gedrénks verdeelt
Kanada

Sechs Mënsche ware bei enger Schéisserei an enger Moschee an der Stad Québec Quebec gestuerwen. An der Nuecht hu sech honnerte Leit versammelt fir hir Solidaritéit mat der moslemescher Communautéit ze weisen.

frites.jpg
Europa

Ee Mount no den Attentater zu Bréissel war e Sonndeg eng Manifestatioun géint den Haass. D'Manifestanten hunn op d'Gefore vun enger gespléckter Gesellschaft opmierksam gemaach. Dovun ass ganz Europa betraff.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen