EUROPA-INTERVIEW Isabel Wiseler: EU-Parlament kann Accord mat China esou net ratifizéieren
Fir d'CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler muss China international Konventioune géint Zwangsaarbecht ëmsetzen a Sanktiounen ophiewen. Am anere Fall kéint d'Parlament den Investitiounsaccord, deen d'EU Enn Dezember mat China ënnerschriwwen huet, net ratifizéieren. Wéi schaarf d'Positioun vum Parlament ausfält, ass awer nach onkloer.
Déi lescht Woch hat d'EU fir d'éischte Kéier zanter 30 Joer Sanktioune géint Eenzelpersounen a China verhaangen, dat wéinst Mënscherechtsverletzunge géint Uiguren an der Provënz Xinjiang. China huet am Géigenzuch een Arees- an Aarbechtsverbuet géint verschidden EU-Bierger decidéiert. Op där Lescht stinn e puer Europadeputéiert, viséiert kéinten och Membere vu verschiddene parlamentaresche Kommissiounen am Parlament sinn.
Ob an a wéi enger Form zum Beispill Membere vun der Mënscherechtskommissioun vun de Sanktioune betraff sinn, ass nach net kloer. Bis elo gouf et do op Nofro vum Europaparlament keng Äntwert vun der chineesescher Regierung, sou d'Isabel Wiseler-Lima.
Konkret gesäit d'CSV-Europadeputéiert keng Konsequenze fir hir Aarbecht am Parlament.
"Fir mech ännert sech näischt, et kënnt net a Fro, datt ech iergendeppes géif anescht soen oder maachen an där Aarbecht, déi ech an der Mënscherechtskommissioun maachen."
D'Sanktioune vun der EU goufen am Kader vun engem neien Instrument, dem EU-Sanktiounsregime fir eng global Bekämpfung vu Mënscherechtsverletzunge verhaangen. Gläichzäiteg huet d'EU-Kommissioun Enn lescht Joer, den 30. Dezember, een Investitiounsaccord mat China ofgeschloss. Dat obschonn d'Land sech a Mënscherechtsfroen am Fong net beweegt hat.
"Sanktioune mussen opgehuewe ginn"
Engersäits wier dat Ofkommes vum kommerzielle Standpunkt fir d'EU ze begréissen. Den Zäitpunkt vum Ofschloss wier awer erstaunlech gewiescht, seet d'Isabel Wiseler. Grad well d'Europaparlament am Dezember déi chineesesch Politik par rapport zu de Uigure schaarf kritiséiert hat.
D'Parlament, wat deen Accord nach ratifizéiere muss, hat an der Vergaangenheet och ëmmer nees drop bestanen, datt China misst déi international Konventiounen iwwert Zwangsaarbecht ënnerschreiwen.
"Ech ka mer net virstellen, datt d'Europaparlament deen Investitiounsaccord ratifizéiert, wa China déi zwou Konventiounen iwwer Zwangsaarbecht net ënnerschriwwen huet. En plus mussen d'Sanktioune géint Europadeputéiert opgehuewe ginn. Soss wiere mer an engem komesche Film, wann d'Europaparlament den Accord ratifizéiere géif, an awer gläichzäiteg Europadeputéiert sanktionéiert sinn."
Zwangsaarbechtskonventioun: ass chineesesch Ënnerschrëft eng Konditioun fir d'EU-Parlament?
De Christophe Hansen, deen och fir d'CSV am Europaparlament sëtzt, hat am Januar an engem Meenungsbäitrag am Lëtzebuerger Wort den Investitiounsaccord mat China als Schritt zur Bändigung eines gigantischen Tigers" bezeechent. Et wier deen "ambitionéiertsten Accord, dee China jeemools mat engem Handelspartner ofgeschloss huet", d'Land hätt zougeséchert, datt d'Konventiounen iwwer Zwangsaarbecht ëmgesat gëtt an d'Parlament misst elo ee kloren Zäitplang froen.
Op d'Fro, ob dat dann duergeet, sot d'Isabel Wiseler:
"Et ass kloer, datt een, souguer wa China déi Konventiounen ënnerschriwwen huet, keng Kontroll driwwer huet, wat wierklech gemaach gëtt. D'EU kann awer kontrolléieren, wéi eng Produiten an Europa importéiert ginn. Do huet d'EU eng reell Responsabilitéit fir ze soen: Produiten, déi duerch Zwangsaarbecht hiergestallt goufen, komme bei eis net eran."
Si wier net géint een Investitiounsaccord mat China, huet d'CSV-Politikerin awer och kloergestallt.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.