Mobilitéit Autosfestival: Liwwerenkpäss an héich Präisser hunn een Impakt

Liwwerschwieregkeeten an héich Präisser hunn en Impakt op den Autosfestival, seet de Philippe Mersch. Déi éischt Woch vum Festival hätt zwar Clienten ugezunn, awer keng "Onmass u Leit".

Rick Mertens / cbi

Philippe Mersch
De Pjhilippe Mersch ass President vun der Garagiste-Federatioun

De Philppe Mersch ënnersträicht am 100,7-Interview, datt den Autosfestival och a Krisenzäite gutt funktionéiert:

"Bis elo ech géif ech soen, wiere mir relativ zefridde mat deene Leit, déi kommen Déi sinn alleguerten interesséiert fir en neien Auto ze kafen."

Am Moment wier et nach ze fréi fir ze soen, wéi vill Autoen dëst Joer um Festival verkaf ginn. Dat géif sech eréischt an e puer Méint weisen, esou de FEDAMO-President.

Nach ëmmer laang Waardezäiten

Wann ee sech e neien Auto keeft, muss een nach ëmmer laange Waardezäite rechnen, bis e geliwwert gëtt. De President vun der Garagiste-Federatioun betount, d'Liwwerdelaie wiere jee no Modell zwar ganz ënnerschiddlech.

Vill Leit déi schonn d'lescht Joer en neien Auto kaf hunn hätten deen awer nach ëmmer net kritt, esou de Philippe Mersch am 100,7-Interview:

"D'Situatioun ass esou, datt mer - gefillt - eng 40 Prozent vun de Ventë vum leschte Joer eréischt dëst Joer wäerten ausliwweren. Dat ass enorm vill. Dat ass vill, vill méi wéi soss. Normalerweis, hutt der esou 10 Prozent vun de Venten, déi wierklech méi laang Delaien hunn. Dat ass elo vill méi laang. Dat heescht, datt och bal d'Halschecht vun den Autoen, déi dëst Joer ugemellt ginn, op Ventë vum leschte Joer wäerten zeréckgoen."

De Philippe Mersch geet net dovunner aus, datt sech dat dëst Joer net wäert änneren, "op d'mannst déi éischt Méint net". Am zweete Semester erwaart d'Garagiste-Federatioun sech eng Verbesserung. D'Autoshiersteller géifen undeiten, datt d'Enkpäss an der Logistik an un den elektroneschen Deeler besser géife ginn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Isabelle Medinger 2 Meenung
Fräie Mikro

An der leschter Zäit ass de Respekt tëschent den eenzelen Benotzer vun der ëffentlecher Strooss en ëmmer méi grousst d'Theema an eiser Gesellschaft. Besser gesot, den Net-Respekt tëscht hinnen. E puer Gedanken vum Isabelle Medinger.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen