Ukrain LUKraine: modulär Haiser fir ukrainesch Flüchtlingen

D'asbl LUkraine proposéiert, op eidelen Terrainen modulär Haiser opzeriichten, an deenen Flüchtlingen ënnerbruecht kéinte ginn. Déi Haiser kéinten nom Krich hei ofgerappt an dann an der Ukrain erëm opgebaut ginn, sou de President vun der Associatioun Nicolas Zharov am 100,7-Interview.

Maurice Molitor / cbi

Nicolas Zharov
Den Nicolas Zharov ass President vun der Associatioun LUkraine

Eng offiziell Reaktioun op dee Virschlag hätt een awer nach net kritt, seet den Nicolas Zharov, mee seng Associatioun wéilt och net ze vill revendicativ optrieden:

"La solidarité a été énorme au début, maintenant il y a une fatigue psychologique qui est normale, on le comprend. On ne veut pas trop insister sachant qu'au Luxembourg il y a également ces problèmes internes au niveau du logement."

4.000 ukrainesch Flüchtlingen am Land

Am Moment wiere ronn 4.000 ukrainesch Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg, seet de President vun der asbl LUkrain.

Et wieren der schonn emol méi gewiescht, mee sengen Informatiounen no wieren tëscht 150 an 200 Persounen nees zeréck gaangen, sou den Nicolas Zharov. Den Haaptgrond wier bei villen, datt se no hirer Heemecht verlaangert hunn.

Een anere Grond, dee matgespillt huet, wier d'Schwieregkeet eng Wunneng ze fannen.

Wéineg Ukrainer fannen eng Aarbecht

Wéi vill Ukrainer zu Lëtzebuerg eng Aarbecht fonnt hunn, kéint den Nicolas Zharov net prezis soen: et wieren awer just net vill.

Heifir géifen et zwee Grënn ginn: engersäits wier den Haaptproblem d'Sproochebarrière, mee anerersäits wieren déi meescht ukrainesch Familljen zu Lëtzebuerg Monoparentallen, also Frae mat hire Kanner, seet den Nicolas Zharov:

"C'est très dur pour ces femmes de trouver une place à la crèche. C'est pour ça qu'elles sont obligées de rester à la maison aussi."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Nicolas Zharov riets LUKRAINE
6 Méint Krich an der Ukrain

Och wann et eng schwéier Zäit wier, wier een immens houfreg op d'Nouthëllef an d'Noutfallmesuren, déi ee fir d'Ukrain vu Lëtzebuerg aus konnt leeschten, sou den Nicolas Zharov vun der Associatioun LUkraine.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen