Invité vum Dag Covidkris: "Verschidde Meenungen" an der Patientevertriedung

D'Patientevertriedung fuerdert, datt kontrolléiert gëtt, op d'Covid-Tester, déi hei am Land benotzt goufen, effektiv zouverlässeg waren. De Spriecher vun der Associatioun konnt allerdéngs de Moien hei op der Antenn net erklären, wéi eng wëssenschaftlech Indicen et dofir gëtt, datt déi Tester net richteg funktionéiert hätten.

Rick Mertens / jod

Georges Clees

De Georges Clees huet och net verstoppt, datt bannent der Patientevertriedung laang driwwer diskutéiert gouf, op een iwwerhaapt esou eng Fuerderung soll stellen: Et géifen ënnert de Membere vun der Patientevertriedung "verschidde Meenungen" iwwer dee Sujet ginn, genee wéi an der Populatioun och, esou de Georges Clees.

"Et ass een herno op e Konsens komm. Do si ganz sécher och nach verschidde Meenungen. Ech mengen an der Bevëlkerung denkt jo och net jiddereen dat selwecht. An hei hate mir schonn eng relativ laang Diskussioun éier mir iergendwéi op eng Positioun komm sinn."

Expertegrupp fir d'Situatioun ze analyséieren

De Spriecher vun der Vertriedung sot de Moien hei op der Antenn, wärend der Pandemie hätten sech zum Beispill eng ganz Réi Leit bei senger Associatioun beschwéiert, datt si schwéier krank Familljememberen net am Spidol konnte besichen. Doraus misst ee Léiere fir d'Zukunft zéien, esou de Georges Clees:

"Do misst een da kucken op een en onofhängegen Expertegrupp zesumme kritt - à la limite och aus dem Ausland. Datt déi dann d'Situatioun analyséieren a kucken: Wat ass gutt gelaf, a wat kenne mir bäibehalen, an da muss och gekuckt ginn, datt ee Feeler an Zukunft vermeit."

D'Patientevertriedung ass en Zesummeschloss vu verschiddenen Acteuren aus dem soziale Beräich: Zu de Membere gehéieren zum Beispill d'Gewerkschaften OGBL an LCGB, an ONGen aus dem Gesondheetsberäich, wéi AKUT an "D'Fondatioun Kriibskrank Kanner".

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Eng Infirmière am Spidol
Universitéit Lëtzebuerg

Véier Bachelor-Spezialisatioune fir den Infirmiersberäich solle vu September un ugebuede ginn. An d'Offer u medezinesche Studiegäng op der Uni Lëtzebuerg hält och doriwwer eraus net op mat wuessen.

Euthanasie
Stierfhëllef

D'Zuel vun de Leit, déi op Euthanasie zeréckgegraff hunn, ass an de leschten zwee Joer däitlech geklommen. An de meeschte Fäll waren déi concernéiert Leit iwwer 80 Joer al an haten eng onheelbar Form vu Kriibs.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen