Eppes virewech: Et ass net DE Geheimdéngschtprozess, mee E Geheimdéngschtprozess. D'Srel-Affär, iwwer déi d'CSV-LSAP-Regierung vum Jean-Claude Juncker am Joer 2013 gefall ass, dat waren eise Recherchen no méi wéi eng Dosen Dysfonctionnementer a verschidde Voleten. Verschidde juristesch Volete si verjäert, anerer goufe clôturéiert. A wéinstens een anere Volet, dee vum presuméierten illegalen Handel mat Luxusautoe, kënnt dëst Joer zu Dikrech an eng separat Seance.
De Volet, dee vu muer u viru Geriicht thematiséiert gëtt, ass awer e Schlësselmoment an der Serie vun den Entgleisungen am Srel an de Joren 2005 bis 2008. Juristesch ass et einfach resuméiert: Déi dräi fréier Geheimdéngschtmataarbechter Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer kréie virgehäit de Geschäftsmann an Techniker Loris Mariotto illegal ofgelauschtert an opgeholl ze hunn. An déi Opnamen, sou wéi aner Dokumenter, aus dem Srel matgeholl ze hunn.
Déi dräi behaapte si hätten déi mëndlech Autorisatioun vum Staatsminister Jean-Claude Juncker gehat. Fakt ass: Eng schrëftlech Autorisatioun gëtt et net, an um Owend, op deem de Loris Mariotto fir d'éischt ofgelauschtert gëtt, telefonéiert de Marco Mille zweemol mam Jean-Claude Juncker.
Dräi CDen
Datt et Opname gi vu Gespréicher, an datt de Marco Mille déi no sengem Depart am Srel matgeholl huet, ass net kontestéiert. De Marco Mille huet sech a seng Kolleege selwer belaascht, wéi hien den 18. Dezember 2012 verhéiert gouf. Hien huet dräi CDen ofginn. Am Rapport vun der Police Judiciaire, deen eis virläit, heescht et:
"Ich habe die Kopie heute mitgebracht um dieselbe heute im Rahmen meiner Vernehmung der Justiz freiwillig aushändigen. Ich weise jedoch darauf hin, dass die CD meinen Überlegungen nach immer noch Eigentum des SREL ist und ich sie lediglich als ehemaliger Direktor des SREL sicher verwahrt habe. Weiterhin übergebe ich Ihnen freiwillig zwei weitere CDs."
Dräi CDen also:
- Op enger ass e Gespréich, dat den André Kemmer de 26. Januar 2007 mam Loris Mariotto geféiert huet, an dat géint deem säi Wëssen opgeholl gouf.
- Op enger anerer ass dat berüümt Gespréich, dat de Marco Mille den 31. Januar 2007 mam Jean-Claude Juncker geféiert huet, an dat géint deem säi Wësse mat enger Auer opgeholl gouf.
- An op der drëtter si manipuléiert Daten, déi de Srel de 26. Januar 2007 vum Loris Mariotto krut. Et soll sech ëm eng kryptéiert illegal Opnam vun engem Gespréich tëschent dem Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc handelen, e Gespréich vun Enn 2005.
Vill méi wäit ass d'Enquête vun der PJ a vum Untersuchungsriichter net komm. Jo, et goufen CDe mat Toun- a Computerdonnéeë mat aus dem SREL geholl. A jo, de Loris Mariotto gouf tëschent dem 26. an 29. Januar 2007 ofgelauschtert an deelweis opgeholl:
- All seng Festnetz-Gespréicher bei der Post,
- 20 Gespréicher um Handy vun Tango,
- An ee Gespréich, dat laut Enquête mat engem truquéierten Handy opgeholl gouf.
Domat si mer bei de schwaache Punkten an der Enquête ukomm.
Den éischte Schwaachpunkt
Wat vun ënner anerem dem Marco Mille als truquéierten Handy duergestallt gëtt, ass méiglecherweis en IMSI-Catcher: eng vill méi intrusiv Interceptiounsmesure, mat där een einfach gesot e fiktive Sendemast opstellt an all d'GSMen an engem bestëmmte Raum offänke kann. D'PJ schreift selwer an hirem Rapport, ouni weider drop anzegoen:
"In Bezug auf die Person Mariotto hat der Zeuge erwähnt, dass er einmal abends mit einer Mission betraut wurde, um im Raum Munsbach/Schuttrange bei einer Privatwohnung den Imsi-Catcher einzusetzen. (...) Zu der damaligen Mission hätten die Beamten Schneider und Kemmer, welche diese Mission leiteten, ihm mitgeteilt, dass die Spezialeinheiten beabsichtigen würden, Mariotto zu verhaften. "
Och dës Interceptiounsmesure hätt misse vum Premier a vun der Justiz autoriséiert ginn, gouf se awer net. Déi dräi Ugekloten an den Zeie Juncker hu Chance, datt d'Justiz dat net erkannt huet.
Den zweete Schwaachpunkt
De Loris Mariotto gëtt net genuch ënner d'Lupp geholl. De Geschäftsmann an Techniker ass Niewekläger am Prozess. Hie wier Affer gi vun illegalen Iwwerwaachungen.
Mee hie selwer ass awer och Ursprong vun der Affär. Hie seet dem Srel, hien hätt eng kryptéiert CD mat engem Gespréich drop tëschent dem Grand-Duc an dem Jean-Claude Juncker. E Gespréich, an deem och soll iwwer de Bommeleeër rieds goen. Hie seet dem Srel dat Enn 2005, zu enger Zäit, wéi d'Bommeleeër-Enquête op Héichtoure leeft, 20 Joer no de ville Bommenattentater op sécherheetsrelevant Infrastrukturen zu Lëtzebuerg, wärend dem Kale Krich.
E Polizist huet dem Untersuchungsriichter geschriwwen, hien hätt sech am Januar 2003 mam Loris Mariotto getraff. Dobäi hätt deen ënner anerem gesot, wéi gutt hien zu Lëtzebuerg vernetzt wier, datt beim Luxair-Accident vun 2002 sollt eppes vertuscht ginn, an datt d'Bommeleeër scho festgeholl gi wieren:
"Alsdann sagte Mariotto zu mir: "D'Bommeleeër si geholl ginn. Et sinn dräi Leit, déi wësse wien et ass! Déi Leit, déi si kritt hunn, hunn doropshi gutt Plaze kritt. Elo hunn ech der schonns ze vill gesot!"
De Loris Mariotto verstréckt sech an der Enquête an inkoherent Aussoen.
D'Gespréich tëschent dem Premier an dem Grand-Duc
Am Gespréich, dat den André Kemmer de 26. Januar 2007 mat him geféiert an opgeholl huet, seet de Loris Mariotto, hien hätt sechs Kopië vun engem Gespréich tëschent dem Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc. De Contenu wier geféierlech. Hien hätt et selwer e puermol gelauschtert:
"Ech hunn der gesot, wat drop ass, wat ech héieren hunn. Ech hunn déi CD eng véier, fënnefmol oder sechsmol hunn ech se héieren oder gelauschtert, ne, an all kéiers wann s de se héiers, da fiert der all kéiers e Plomb aus dem Zant."
Wéi de Loris Mariotto am Dezember 2012 vun der PJ gehéiert gëtt, seet hien, hien hätt d'CD ni entschlësselt kritt an also hätt hien d'Gespréich Juncker-Grand-Duc net héieren. Dat ass haut seng Verteidegungslinn. Fréier huet hien awer offensichtlech als Source vun där CD aner Saache gesot. D'PJ resuméiert d'Auditioun vum Marco Mille esou:
"Im Wesentlichen hätte man ihm mitgeteilt, dass die Quelle über ein Gespräch zwischen dem Grossherzog Henri und dem Staatsminister Juncker verfügen würde. Bei dem Inhalt dieses Gespräches soll es sich um dem Sachverhalt gehandelt haben, dass der Staatsminister dem Bruder des Grossherzogs im Kontext der Sprengstoffattentate der 80er Jahre ein Alibi verschafft hätte. Es ging angeblich gemäss Mille aus der Information hervor, dass der Grossherzog den Staatsminister erpresst haben soll."
D'Fro, déi sech haut nach ëmmer stellt ass: Wisou huet de Loris Mariotto ëm d'Joren 2005 bis 2007 esou Rumeuren an d'Welt gesat? Eisen Informatiounen no huet hien Enn 2005 net just dem Geheimdéngscht gezielt, de Grand-Duc an de Jean-Claude Juncker wieren opgeholl ginn, mee hien huet dat och op enger zweeter Plaz gezielt op där hie konnt d'Hoffnung hunn, datt seng Geschicht géif d'Ronn maachen. De Loris Mariotto huet eng aktiv Roll gespillt, Enn 2005. Datt de Srel der Saach hannendru gelaf ass, ass also net just op en domme Witz zeréckzeféieren.
Wien hat Interessi um Bommeleeër-Dossier?
A wisou Enn 2005? Wéi d'Bommeleeër-Enquête ënner dem Procureur Robert Biever fir d'éischte Kéier vum Fleck komm ass? Wéi de Jean-Claude Juncker der Affär eng nei politesch Wichtegkeet ginn huet, andeems hien den Zeie Beffort getraff huet, dee behaapt huet, hien hätt de Prënz Jean kuerz virum Attentat um Findel gesinn? Wéi RTL mat enger Serie iwwer d'Attentater dofir gesuergt huet, datt nei Elementer un d'Dagesliicht komm sinn? Dat huet d'Enquête net kënnen opdecken, well de méigleche Lien zu de Bommeleeër net an der Déift ënnersicht gouf.
Och den André Kemmer an de Fränk Schneider haten noweislech e groussen Interessi un der Bommeleeër-Affär. En Zeien huet behaapt, de Fränk Schneider hätt am Srel Bommeleeër-Dossiere zerschreddert. Den André Kemmer huet e Buch iwwer d'Bommeleeër geschriwwen. Am Srel goufen zu hirer Zäit Dokumenter truquéiert an an de Bommeleeërdossier verséiert.
Si hunn um Héichpunkt vun der Enquête de Procureur Biever probéiert ze diskreditéieren andeems si an engem Rapport geschriwwen hunn, hie wier méiglecherweis pedophil. E Sécherheetsagent huet ausgesot, hie wier vum Srel ugestallt ginn de Passbüro ze iwwerwaachen, deen am Gebai war, andeem d'Bommeleeër-Enquêteuren hir Büroen haten. A si hu gewollt oder ongewollt d'Rumeur verbreet, de Jean-Claude Juncker an de Grand-Duc hätte sech iwwer d'Bommeleeër ënnerhalen a wieren dobäi opgeholl ginn.
Den drëtte Schwaachpunkt
Bis haut gëtt et keng plausibel Äntwerten op d'Fro, wisou de Srel de Loris Mariotto iwwerhaapt wärend dräi Deeg am Januar 2007 Hals iwwer Kapp iwwerwaacht huet. Déi Ugekloten invoquéieren d'Urgence vun der Situatioun. An der Ordonnance vun der Chambre du Conseil vu Juli 2017 heescht et:
"Marco Mille fait valoir l'absence d'infraction en soulignant que l'écoute de Loris Mariotto avait été autorisée par Jean-Claude Juncker (...) suivant la procédure d'urgence".
A weider:
"Frank Schneider souligne encore que les mesures opérationelles appliquées à Loris Mariotto avaient été autorisées par le Premier Ministre Jean-Claude Juncker sur base de la procédure d'urgence.
E Srel-Mataarbechter seet awer aus:
"Die Vorgehensweise war alles andere als normal, und stellte für mich einen klaren Vertrauensbruch von Seiten Herrn MILLE mir gegenüber dar. Es hat sich bis dato um den einzigen Vorfall dieser Art gehandelt, seit ich beim SREL angestellt bin. Bei anderen sogenannten 'mesures d'urgence' lag immer die schriftliche Genehmigung des Staatsministers im Vorfeld vor bevor irgendwelche Massnahmen eingeleitet wurden."
De Srel wousst vum Loris Mariotto schonn zanter Enn 2005 vun der Rumeur, datt de Grand-Duc an de Jean-Claude Juncker opgeholl gi wieren. De 26. Januar 2007, also wéinstens 13 Méint méi spéit, kréie si vum Loris Mariotto eng manipuléiert CD, mat där si näischt kënnen ufänken. Eng Urgence fir d'Staatssécherheet gouf et do net méi. Héchstens eng fir déi dräi Srel-Mataarbechter perséinlech, well si kënnen d'Gefill gehat hunn, datt een de Geck géif mat hinne maachen.
Wärend dräi Deeg lauschtere si de Loris Mariotto am grousse Stil of, mat intrusive Mesuren. An dann, op eemol moies, gëtt nees alles gestoppt. Déi dräi Ugeklote soe bis haut, si wéissten nach ëmmer net, wat um Loris Mariotto senger Geschicht dru war. Dat ass net plausibel.
Wann et eng Gefor fir d'Staatssécherheet gi wier, dann hätte si wochelaang weider ofgelauschtert. An d'Riichter an de Staatsministère hätten d'Ecoutten och mat grousser Warscheinlechkeet autoriséiert. Wisou d'Ecoutten op eemol gestoppt goufen, an och net méi vill ënnerholl gouf fir erauszefannen, wat op der CD drop wier, dat ass eng Fro, déi déi Ugeklote bis haut net plausibel beäntwerte konnten. Wat hutt der wärend deenen dräi Deeg héieren, a wisou hutt der gestoppt? Dat wier d'Fro gewiescht, op där d'Enquêteuren an den Untersuchungsriichter vill méi hätte kënnen insistéieren. Vläicht liwwert de Prozess jo nei Erkenntnisser. Vu muer un, um Stater Geriicht.