#Chamberleak "D'viischt Dier opgelooss"

D'Presidente vun de Chamberfraktioune si besuergt nom Opdecke vun der Sécherheetslacune um Internetsite. Wat genee geschitt ass, schéngt nach net kloer. Et wéilt een Analysen ofwaarden, heescht et.

Christiane Kleer / ys

Chamber
Foto: Archiv

Ënnert de Presidente vun de Chamberfraktiounen ass nom Opdecke vun der Sécherheetslück d'Iwwerraschung an och d'Suerg grouss. "Mir hunn am Fong déi beschten Alarmanlagen, mä mir hunn d'viischt Dier opgelooss", sou resuméiert den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger de Virfall.

Wéi seng Kollegen wëllt och hien déi technesch a juristesch Analys ofwaarden, schwätzt awer och méiglech Suitten un. Wann eng Faute grave géif virleien, missten déi néideg Prozeduren an d'Weeër geleet ginn.

Den CSV-Fraktiounspresident Claude Wiseler seet, hie wier besuergt, well een dovu misst kënnen ausgoen, datt Sécherheetssystemer fonctionnéieren. D'Dokumenter, déi de Geheimdéngscht betreffen, wieren net klassifizéiert a souwisou fir d'Deputéiert accessibel gewiescht.

"Net all Wuert op d'Goldwo"

Wéi eng a wéi vill Dokumenter duerch d'Sécherheetslück accessibel waren, schéngt de Chamberfraktiounen nach net kloer ze sinn. "Ech weess och net, ob dat kann novollzu ginn", seet de Gast Gibéryen vun der ADR.

Am Communiqué, deen d'Chamber e Mëttwoch den Owend un d'Press geschéckt huet, geet Rieds vun enger Intrusioun. Deemno hätten also eng oder méi Persounen sech ob eng inopportun Manéier Zougang op de Site verschaaft. "Ech géif net all Wuert an deem Communiqué op d'Goldwo leeën", seet den Alex Bodry vun der LSAP. D'Bureausmembere wéilte virun allem elo wëssen "wat genee geschitt ass."

Niewent dem Accès op de Site vun der Chamber vu baussen, mellen och verschidden Deputéiert Problemer, fir op bestëmmten Dokumenter zouzegräifen. Den David Wagener vun déi Lénk seet, datt hien de Moment keen Accès op seng E-Mailen an aner Dokumenter hätt.


Christiane Kleer, den 8. Mäerz 2018 am Panorama um 12:00

Reaktioune Chamberleak


D'Chamber hat e Mëttwoch den Owend matgedeelt, si hätte Korrekturmesuren en Place gesat. Kuerz duerno ass de ganze Site awer fir Maintenance-Aarbechte vum Netz geholl ginn. Wéi mir gemellt hunn, waren eng ganz Partie intern a vertraulech Dokumenter net richteg securiséiert. Se ware vu baussen iwwer en normale Webbrowser accessibel. E Freideg de Mëtteg soll eisen Informatiounen no eng Personalreunioun fir d'Chambermataarbechter sinn. Den Ament géifen extern Firmaen hëllefen, den Internetsite nees ze securiséieren.

Méi zum Thema

Chamberleaks3. Exklusiv
#ChamberLeak

Um Internetsite vun der Chamber ware bis e Mëttwoch den Owend eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Dat weise Recherchë vum radio 100,7.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen