Legaliséierung vu Cannabis Inhalt vum Konzept kéint nach änneren

D'Informatioune vum radio 100,7 iwwer d'Konzept fir d'Legaliséierung vum Cannabis fir rekreativ Zwecker géife mam momentane Projet zu engem groussen Deel iwwertenee stëmmen. Dat confirméiert Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

Françoise Keller / cbi

Eng Cannabisplanz
Foto: Bigstock / Parilov

D'Konzept géif ënner anerem virgesinn, datt eng groussjäreg Persoun pro Mount 30 Gramm Cannabis dierft kafen, esou de radio 100,7 Enn leschte Mount. De Contenu kéint allerdéngs iwwer déi nächst Méint nach änneren, esou d'Ministerin.

D'Chamber géif och eréischt offiziell mam Konzept befaasst ginn, wann déi national an international Consultatiounen doriwwer ofgeschloss wieren.

Méi zum Thema

Een Employé vun Aurora Cannabis inspizéiert en Marihuana-Planz Exklusiv
Koalitiounsverhandlungen

D'Legaliséierung vu Cannabis dierft an de Koalitiounsaccord stoe kommen. Dat ass 100,7-Informatiounen no e Bestanddeel vum Rapport vum Aarbechtsgrupp "Santé". Den Text mat Propose gouf an de leschten Deeg ofgeschloss.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen