Lëtzebuerg Informatiounsversammlung iwwer déi geplangt nei Verfassung

Zënter 2019 goufe véier Kapitelen ausgeschafft, fir d'Verfassung an de Beräicher Justiz, Organisatioun vu Staat a Monarchie, Rechter a Fräiheeten, grad wéi Chamber a Staatsrot ze reforméieren. Nom Vott vun dëse Kapitele wäerten all Kéier eng Rei weider gesetzlech Upassungen néideg ginn. E Freideg hat d'Chamber eng éischten Informatiounsversammlung zur Verfassungsännerung organiséiert, wou d'Bierger hir Froen konnte stellen.

Carole Schimmer / cz

Informatiounsversammlung iwwer nei Verfassung

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Simone Beissel
Verfassungsreform

Ier datt d'Ännerungen un der Verfassung gestëmmt ginn, lancéiert d'Chamber eng Informatiounscampagne. Informatioune sollen op de sozialen Netzwierker verbreet an eng Informatiounsversammlung organiséiert ginn.

Illu Dokument
Gewaltenteilung

An der Fro vun der Onofhängegkeet vun der Justiz an hirer Impartialitéit huet de Greco zu Lëtzebuerg Réckschrëtt festgestallt. E gëtt der CSV d'Schold. D'Justizministerin Sam Tanson deelt dem Greco säi Constat.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen