CORONA-PANDEMIE Impfstoff-Akaf: D'EU mécht hiren eegene Succès futti
De Fait, datt d'EU et fäerdeg bruecht huet, zesummen Impfstoff anzekafen sollt jo eigentlech als Succès gefeiert ginn. Wat ass do schif gaangen?
Impfcampagne sollt Happy End sinn
Dowéinst gouf och direkt no Chrëschtdag mediewierksam zesummen a verschiddenen EU-Länner mam Imfpen ugefaangen. Do soll den Zesummenhalt vun der EU demonstréiert ginn.
Um Ufank war awer just den Impfstoff vun den Entreprise Biontech/Pfizer zougelooss. De Faite dat es vun deem Vaccin op verschiddene Plazen manner do war, wéi es verimpft konnt ginn, huet d'Show e bësse vermasselt an dozou gefouert, datt Bréissel dofir responsabel gemaach gëtt.
D'Bildzeitung huet do keng onbedeitend Roll gespillt, an och Aussoen vu verschidde däitsche Politiker, déi schonn am Walkampf sinn.
Si soen: D'EU huet versot, huet net séier genuch Kontrakter mat Impfstoffhiersteller ofgeschloss, huet dee falschen oder net genuch Vaccin akaf, virun allem bei Biontech, wat jo eng däitsch Firma ass.
Do koum ganz oppen ee reegelrechten Impfstoffnationalismus bei eisen däitschen Noperen op, an deem schaarf kritiséiert gouf, datt op anere Plazen, wéi an Israel oder Groussbritannien, scho vill méi vun deem Impfstoff disponibel war.
D'EU ass doru Schold, sou déi, a mengen Aen, polemesch Konklusioun
Déi grouss Fro ass: Wat konnt een zu wéi engem Zäitpunkt wëssen?
D'EU huet bei sechs Entreprisen ënnerschiddlech vill Dosissen bestallt. Am ganzen gouf méi Vaccin bestallt, wéi néideg ass, fir all EU-Bierger ze impfen. Also d'Quantitéit ass eigentlech net de Problem.
Am Summer hat Astra Zeneka d'Nues vir
D'Taktik, op méi Päerd ze setzen, war richteg, well ee jo net vu viran wosst, wéi eng Firma et mat hirem Impfstoff wéini packt, deen och mat Succès fäerdeg ze entwéckelen an och op de Maart ze bréngen.
Am Summer, wéi déi Verhandlungen tëscht der EU mat den Hiersteller ugefaangen hunn (wou iwwregens all d'EU-Länner mat agebonne waren, och Däitschland), konnt kee wëssen, dat Biontech um Enn déi séierste wier. Demols hat nämlech déi brittesch-schwedesch Entreprise Astrazeneka d'Nues ganz kloer vir. Déi allermeescht Experten hunn deemools geduecht: Deen Imfpstoff ass am séiersten um Maart.
Et war deen 1. Kontrakte, deen d'EU am August ofgeschloss huet a si war stolz drop, ebe just bei där Firma 400 Milliounen Dosisse bestallt ze hunn, zu engem niddrege Präis.
Haut wësse mer: Astrazeneka brauch nach méi laang. Dowéinst kuckt jidderee op Biontech, an elo och op Moderna a seet: dovu gouf ze mann bestallt. A Wierklechkeet kënnt awer den Ament d'Produktioun net no. Do hätt et net vill genotzt méi ze bestellen.
Natierlech ass déi Fro wéi vill anerer absolut berechtegt.
De Problem ass just deen, datt een op vill vun deene Froen keng Äntwert kritt, well déi Verhandlungen an déi Kontrakter mat den Entreprisen streng confidentiel sinn.
Op d'EU hei ze lues war, doriwwer kann ee just spekuléieren. Eng Ursaach kéint och sinn, datt d'Gespréicher mat Biontech, déi jo zesummen mam amerikaneschen Hiersteller Pfizer zesummeschafft, effektiv an der EU méi komplizéiert waren wéi an anere Länner.
Biontech/Pfizer: Diskussiounen iwwer Haftung
Et gëtt Unzeechen dofir, datt virun allem Pfizer laang drop gepocht huet, datt si als Impfstoffhiersteller keng Haftung bei Niewewierkungen iwwerhuele géifen. Dat ass dem EU-Recht no net méiglech. Dowéinst wieren déi Verhandlungen esou schwiereg gewiescht, seet zum Beispill de Peter Liese, Europadeputéierten vun der CDU.
D'Europaparlament huet doriwwer schonn am September Froen gestallt. Mee weder den Deputéierten nach de Journalisten huet d'Kommissioun deemools wéi haut eng Äntwert dozou ginn.
Nach gëschter huet d'Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides an enger Parlamentskommissioun dorop bestanen, datt et net méiglech wier, Detailer iwwert déi Kontrakter erauszeginn.
Jo, dat ass d'Fro.
Däitschland huet jo des Woch ëffentlech gesot, et hätt ee sech schonn am September bei Biontech eng Optioun op 30 Milliounen Dosissen ausgehandelt huet. Verschidde Medien no huet d'Regierung och mam däitschen Produzent Curevac verhandelt.
Eigentlech ass dat net erlaabt. D'EU-Länner hu sech dozou verflicht, net separat ze verhandelen. Dat wier och net legal a si dierften och keng eege Kontrakter mat den Hiersteller ofschléissen, sot e Freideg d'Kommissiounspresidentin klipp a kloer op enger Pressekonferenz. Si huet do annoncéiert, datt d'EU elo ee Kontrakte iwwer 300 zousätzlech Dosissen mat Biontech ofgeschloss huet.
Kommissioun hält Informatiounen zeréck
Op déi konkret Fro, wat dann elo d'Konsequenzen vun deem däitschen Elenggank sinn, gouf et awer keng Äntwert. Dat obschonn d'Fro ëmmer nees vu Journaliste gestallt gouf.
Et gëtt een also de Verdacht net lass, datt d'Kommissioun Däitschland hei net wëll an de Réck falen, an um Bild vun der europäeschem Zesummenhalt festhalen wëll.
Och d'Donnéeën doriwwer, wéi vill Länner dann iwwerhaapt Interêt un deene verschiddenen Impfstoffer gewisen hunn, goufe net erausginn. Déi wiere wichteg, fir sech ee Bild doriwwer ze maachen, wéi déi Vaccinen an der EU verdeelt ginn, wéi engem Land der wéi vill zoustinn.
D'Kommissioun spillt hei ee geféierlecht Spill an ass vläicht am gaangen hiren eegene Succès ze zerstéieren. Well je manner iwwert déi Kontrakter bekannt gëtt, desto méi Raum gëtt et fir Spekulatiounen an och dofir, datt Länner kënnen der EU d'Schold ginn oder sech als benodeelegt dohinner stellen. Dat féiert zu näischt anerem wéi Impfstoffnationalismus.
Wann een verhënnere well, datt jiddereen just no sech kuckt,da wier et besser d'Fakten op den Dësch ze leen a mat méiglechst opene Kaarten ze spillen. Soss riskéiert et aus deem geplangten Happy End eppes ganz anescht fir d'EU ze ginn.