Fuerderunge vun der Piratepartei "Impfinformatioune gehéieren net op den Zentralserver vum Staat"
De Sven Clement erneiert d'Kritik un der Impfdatebank vum Staat, déi iwwer 20 Joer soll Informatiounen ofspäicheren. D'Piratepartei ass och net zefridde mat der lueser Impfcampagne zu Lëtzebuerg.
D'Piraten erneieren hir Kritik un der Datebank, an där fir 20 Joer gespäichert gi soll, wien wéini mat wéi engem Vaccin géint de Coronavirus geimpft gouf: "Déi Informatioun gehéiert an den Impfpass oder an de perséinleche Patientendossier, mee sécher net op en Zentralserver vum Staat", sot den Deputéierte Sven Clement.
Impfstrategie an der Kritik
Hie kritiséiert och d'Strategie vun der Regierung, fir nëmmen d'Hallschecht vum Impfstoff ze benotzen.
Et sollt een direkt all Vaccin, deen een huet, benotzen, esou de Sven Clement: "Wann et ëm Liewen an Dout geet, ass et irresponsabel fir esou lues e Roll-out ze maachen."
Hei am Land gëtt jo no der éischter Impfung d'office eng Dosis op d'Säit geluecht, fir op déi Manéier sécher ze stellen, datt Impfstoff do ass, wann déi selwecht Persoun no 4 Wochen hire Rappell soll gemaach kréien.
Chambersprozeduren a Fro gestallt
D'Piratepartei fuerdert ausserdeem, datt d'Prozedur, no där decidéiert gëtt, ob eng parlamentaresch Fro recevabel ass oder net, geännert gëtt.
D'Pirate kritiséieren, datt de Fernand Etgen rezent zwee Passagen aus enger vun hire Questions parlamentairen net zougelooss hat.
Déi Decisioun sollt net an den Hänn vun enger eenzeger Persoun sinn. Dat déi Decisioun vun engem Politiker getraff géing, wier en plus een Interessekonflikt, esou nach de Sven Clement.