Coronavirus Impfflicht: Regierung sicht nach no engem Kompromëss
Een Dag virun enger Consultatiounsdebatt an der Chamber iwwer eng Corona-Impfflicht ass d'Regierung sech 100,7-Informatiounen no nach net eens. D'LSAP wiert sech nach géint eng limitéiert Impfflicht, DP an déi gréng sinn awer bereet op de Wee ze goen, deen den Expertegrupp virum Weekend proposéiert hat, heescht et a Koalitiounskreesser.

Fënnef Fuerscher a Medezinner haten op Demande vun der Regierung en Avis ausgeschafft. Dora proposéiere si eng zwee Joer laang Impfflicht fir Leit iwwer 50 a fir de Gesondheets- a Fleegesecteur.
Wann een d'Immunitéit vun de vulnerabele Leit géif verbesseren, kéint een aner Mesuren zeréckzéien an de Coronavirus kéint eng normal Erkältungskrankheet ginn, hat den Dokter Gérard Schockmel, Member vum Expertegrupp, hei um Radio argumentéiert.
Déi sozialistesch Gesondheetsministerin Paulette Lenert an hir Partei wieren nach net bereet op de Wee ze goen, esou eis Sourcen.
Den neien LSAP-Minister Georges Engel hat gëschter am 100,7-Interview gemengt, hie perséinlech géif net domat rechnen, datt kuerzfristeg eng Impfflicht hei am Land decidéiert gëtt. Fir déi aktuell Well un Neiinfektioune kéim esou eng Obligatioun ze spéit.
D'CSV hat als gréisst Oppositiounspartei am Dezember scho fir eng allgemeng Impfflicht plädéiert.
Am Regierungsrot gouf gëscht iwwer d'Fro diskutéiert, well muer de Mëtteg an der Chamber eng Consultatiounsdemande iwwer d'Impfflicht ass. Nom Regierungsrot gëscht huet d'Regierung just matgedeelt, se hätt den Avis vum Expertegrupp zur Kenntnis geholl. D'Diskussiounen tëscht LSAP, Gréng an DP wieren awer nach net ofgeschloss, krute mir gesot.
DP an déi gréng fir eng Impfflicht
D'Deputéiert haten en Dënschdeg de Moien en Austausch mam Expertegrupp an der zoustänneger Chamberkommissioun Santé a Justiz.
Fir den DP-Fraktiounschef Gilles Baum hunn déi zousätzlech Informatiounen dozou gefouert, datt d'DP mat dëse Propositioune vum Expertegrupp averstane wier. "Dat heescht, mat op de Wee goe vun enger sektorieller Impfflicht an och enger Impfflicht ab 50 [Joer]".
Déi Gréng haten sech Ufank Januar no enger interner Debatt fir d'Aféierung vun enger allgemenger Impfflicht fir Erwuessener ausgeschwat, wann déi sanitär Entwécklung et néideg mécht. No der Publikatioun vum Experten-Avis seet de gréngen Deputéierte Marc Hansen, datt si domat ganz gutt liewe kënnen:
"Mir sinn der Meenung, datt eng Impfflicht soll kommen an datt dat do e Schrëtt an déi richteg Richtung ass. Mir sinn och iwwerzeegt, datt dat do eng grouss Effikassitéit wäert hunn."
LSAP: Positioun nach net kloer
Manner kloer ass fir de Moment d'Situatioun beim drëtte Koalitiounspartner, der LSAP. D'Sozialisten hätten nach ëmmer keng definitiv Positioun zu enger Impfflicht. Dat huet de Fraktiounschef Yves Cruchten dem radio 100,7 op Nofro confirméiert.
Et wier een enger Impfflicht net opposéiert, allerdéngs géife sech nach eng ganz Partie wichteg Froe stellen, och wéinst weidere rezente Avisen zum Theema.
Hie geséich net "déi grouss Urgence" eng Impfflicht anzeféieren, well dës déi aktuell Infektiounswell net géif briechen, esou den Yves Cruchten. Et wier senger Meenung no besser sech déi néideg Zäit ze huele fir all Froen ze beäntwerten.
Fir déi definitiv Positioun vun der LSAP ze finaliséieren, soll den Owend eng weider intern Reunioun sinn, esou den neie Fraktiounschef.
ADR a Piratepartei si géint, CSV fir eng Impfflicht
Bei déi Lénk soll déi intern Debatt iwwert d'Impfflicht eréischt den Owend ofgeschloss ginn. ADR a Piratepartei si géint d'Aféierung vun enger Impfflicht.
D'CSV bleift der Meenung, datt eng allgemeng Impfflicht fir all Erwuessener soll agefouert ginn: d'Partei kéint awer mat der Aféierung vun enger partieller Impfflicht liewen, ënner der Konditioun, datt dëst eng éischt Etapp wier, déi zu enger allgemenger Impfflicht féiert, esou de Claude Wiseler de Mëtteg am 100,7-Interview. "Wann dat esou gesi gëtt, da kënne mer och domat liewen", huet den CSV-Deputéierten am Virfeld vun der Chamber-Consultatiounsdebatt vu muer erkläert.
De Claude Wiseler weist sech zefridden, datt d'Experte sech fir eng Impfflicht ausgeschwat hunn: dëst wier "absolut noutwendeg" fir déi vulnerabel Leit ze schützen a fir "erëm Deeler vun eiser Fräiheet zréck kréien". Een deelweist Zoumaache vun der Gesellschaft all puer Méint géif souwuel der mentaler Gesondheet wéi och der Wirtschaft schueden, huet den CSV-Deputéierte betount.