arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impf-Stopp vun AstraZeneca: Kritik vun der Oppositioun

Impfstoff

|
reading time

1 min

Impf-Stopp vun AstraZeneca: Kritik vun der Oppositioun

Datt Lëtzebuerg decidéiert huet den Asaz vun AstraZeneca zënter en Dënschdeg ze stoppe wier iwwerdriwwen, soen déi Lénk. E grousse Risiko vum brittesch schwedeschen Impfstoff wier nach guer net bewisen an déi Kategorië vu Leit déi fir Komplikatiounen a Fro kéimen wieren nach guer net un der Rei, esou den Deputéierte vun déi Lénk de Marc Baum.

reading time

1 min

Dem Deputéierte vun déi Lénk no géif dëse Stopp der Impfcampagne schueden an dozou bäidroen, datt d'Leit d'Vertrauen an den Impfstoff nach méi verléieren. Lëtzebuerg hätt hei ouni wëssenschaftlech Basis gehandelt, kritiséiert de Marc Baum a sech einfach un e puer EU-Memberlänner orientéiert. "Et ass Suivismus dee se maache par Rapport zu anere Länner." D'Regierung sollt de Recommandatioune vun der EMA a vun der WHO suivéieren an net d'Decisioune vun anere Länner kopéieren. D'Regierung misst d'Vertrauen vun de Leit fir d'Impfstoffer elo erëm opbauen.