arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impeachment-Prozess géint den Donald Trump

USA

|
reading time

2 min

Impeachment-Prozess géint den Donald Trump

Am amerikanesche Senat fënnt dëser Deeg deen zweeten Impeachment-Prozess géint den Donald Trump statt. Et geet fir d'Demokraten drëm ze beweisen, datt den deemolege President den Ugrëff vu senge Supporter op den amerikanesche Kapitol bewosst provozéiert hat. D'Presentatioun vun den Demokraten huet wuel wéineg republikanesch Senateuren iwwerzeegt.

reading time

2 min

Et ass wuel egal, wéi schlëmm d'Biller sinn, déi de Senateuren am Sall gewise ginn. Déi 50 Republikaner hei am Senat sinn zwar och schockéiert iwwer d'Gewalt, a wéi knapps si engem Ugrëff op sech selwer entkomm sinn, mee dat heescht nach laang net, datt si den Donald Trump als de Responsabelen ugesinn.

Donald Trump huet nach e groussen Afloss

Op d'mannst en public, a wa si de Weekend wéi erwaart de fréiere President fräisprieche wäerten. Privat hunn der vill vun hinnen eng aner Meenung. Si fille sech awer gezwongen den Ex-President ze beschützen, nach ëmmer, well den Donald Trump nach ëmmer en enormen Afloss op déi Republikanesch Partei huet.

Si hunn Angscht, datt hir Wieler, vill vun hinnen Trump-Supporter, si aus dem Senat bei de nächste Walen erausgeheie kéinten. Hire Choix, hire Vote an dësem Impeachment-Prozess, wäert e politesche sinn.

Zwee Deeg laang hunn d'Demokraten aus dem Representantenhaus hir Argumenter den 100 Männer a Fraen am Senat presentéiert, si hunn elle Biller gewise vun der Gewalt de 6. Januar, a si hunn ëmmer nees un dem President seng Wierder deen Dag erënnert.

Dem Trump seng Supporter hunn op de President gelauschtert, an hunn eréischt opgehalen ze randaléieren, wou den Donald Trump si endlech dozou opgeruff hat. Esou gesinn et d'Demokraten.

Senateuren hu sech schonn entscheet

Dem Donald Trump seng Affekote wäerte vun e Samschden un argumentéieren, datt et keen direkte Lien tëscht der Gewalt an dem President gëtt. Datt ass a priori net besonnesch iwwerzeegend, mee dat ass och egal, wann all Senateuren elo schonn entscheet hunn, wéi si wiele wäerten.

Och e Samschden, wa si hir Stëmme wäerten ofgi an den Donald Trump fir eng zweete Kéier an engem Impeachment-Prozess fräisprieche wäerten, da maachen si dat an engem bal eidele Senat. Kee Public gëtt eragelooss, éischtens wéinst der Pandemie, an zweetens well de Kapitol weiderhi vun der Nationalgard ëmkreest ass.

Dat natierlech zanter dem 7. Januar, een Dag ze spéit, den Dag nom déidlechen Ugrëff vum Donald Trump senge Supporter, op dëst Gebai an d'Leit, déi hei schaffen.