Datt et besonnesch den Horesca-Secteur, d'Industrie an d'Servicer un d'Entreprisen trëfft, wou déi Beschäftegt méi vulnerabel ginn, huet verschidden Ursaachen. Vulnerabel heescht an dem dësem Fall, datt e Stot et keng dräi Méint packt, fir seng Schold zeréckzebezuelen, wann de Revenu fält.
D'Huyen Tran vun der Uni Lëtzebuerg huet simuléiert, wat geschitt, wann de Revenu vun deene Stéit fält, déi zu Lëtzebuerg schaffen a wunnen - an hei e Prêt hunn, fir déi Wunnecht ze bezuelen. Zum Beispill ëm 20 Prozent, wéi wann ee Chômage partiel kritt.
Horesca-Secteur besonnesch betraff
Si ënnersträicht, datt an deene Secteure scho vill Beschäftegt kaum mat hirem Prêt nokommen, och ouni d'Corona-Kris. Bal 40 Prozent vun de Stéit, de Services aux entreprises an der Horesca wiere vulnerabel. Duerch d'Corona-Kris géif deen Taux am Horesca-Beräich ëm 15 Prozentpunkten an d'Luucht goen.
"Mir gesinn also datt Covid d'Vulnerabilitéit vun deene Secteuren erhéicht, déi net vill Suen op der Säit hunn."
Wéinst de méi niddrege Salairen an deene Secteure kënnen déi Beschäftegt sech näischt uspueren. Wat si méi laang an der Kuerzaarbecht oder am Chômage bleiwen, wat de Problem méi grouss gëtt, warnt d'Huyen Tran.
Et sinn och déi Secteuren, wou am meeschten huet mussen zougemaach ginn, erkläert den François Koulischer vun der Uni. Wärend dem éischte Confinement hunn am Horseca-Secteur 90 Prozent vun de Beschäftegte Kuerzaarbecht ugefrot, wat "ganz vill" wier.
An der Industrie war wärend dem éischte Confinement d'Hallschent vun de Salariéen a Kuerzaarbecht. Mëttlerweil wier deen Taux zwar op 20 Prozent gefall, mee dat wier och nach ëmmer vill.
Verschëldungstaux ass héich
Bei de Lëtzebuerger Stéit wier de Verschëldungstaux vun 170 Prozent par rapport zu hirem Akommes héich am europäesche Verglach. De Gros vun dëser Schold kënnt duerch en Immobilieprêt.
Datt den Impakt vun der Covid-Kris op de Lëtzebuerger Hypothéikemarché alles an allem trotzdeem kleng ass, hänkt mat verschidde Lëtzebuerger Eegenheeten zesummen. Ugefaange mam Aarbechtsmarché, op deem 471.000 Leit schaffen, vun deenen der awer nëmmen 268.000 och hei wunnen. An deene Secteuren, wou et duerch Chômage partiel Akommesaboussë gouf, schaffe virun allem Frontalieren.
Lëtzebuerger Residentë si manner betraff
Ëmgedréit seet de François Koulischer, datt 53 Prozent vun deene Leit, déi hei wunnen a schaffen, géifen am ëffentlechen Déngscht oder am Finanzsecteur schaffen. Do gouf et wärend dem Lockdown kee Chômage partiel, an déi méi héich Salairen erlaben de Beschäftegten och Reserven unzespueren.
Dobäi kënnt, datt den Hypothéikemarché weiderhi ganz national organiséiert ass. Also d'Frontalieren doheem e Prêt fir hir Wunneng maachen an d'Residentë bei der Lëtzebuerger Banken.
D'Lëtzebuerger Banke wieren am Verglach mat aneren europäesche Banken a par rapport zur Reglementatioun gutt kapitaliséiert, seet de François Koulischer. Dat géif et erlaben e méigleche Schock ze absorbéieren.