Energiepräis Méi bëllege Stroum a Gas wielen

D’Konsumente profitéieren nëmme wéineg vu gënschtegen Offere bei Elektresch a Gas, schreift d’Regulatiouns-Institut ILR an engem neie Rapport. D’lescht Joer wier den Ënnerscheed tëschent där deierster an där bëllegster Offer nach méi grouss gewiescht wéi d’Joer virdrun.

Pit Walté, md

D'Stroum- a Gasrechnung ka méi niddreg ginn
Foto: Bigstock/stockasso

Stroum/Gas

En duerchschnëttleche Stot hätt d’lescht Joer kënne ronn 90€ pro Joer beim Elektresch spueren, wann e bei de gënschtegste Fournisseur gewiesselt wier, sou den “Institut luxembourgeois de régulation” a sengem Rapport. Dës Zomm wier e groussen Ënnerscheed am Verglach zu de Joren 2013, 2014 a 2015.

An deem Zäitraum louch den Ënnerscheed tëschent där deierster an där bëllegster Offer nach bei 32€ pro Joer. Den ILR féiert dat op déi vill nei Produiten zeréck, déi d’lescht Joer op de Marché komm wieren.

“Vill Leit wëssen net, datt se e fräie Choix hunn”

Wann sech d’Clienten all fir déi bëlleg Offer géifen decidéieren, da kéint dat am Joer een Ënnerscheed vun am ganzen ongeféier 20 Milliounen € ausmaachen, huet d’Regulatiouns-Institut ausgerechent. An awer vergläichen déi meescht Konsumenten d’Präisser net. “Vill Leit sinn sech einfach net bewosst, datt se e fräie Choix hunn”, erkläert de Camille Hierzig, Vize-Direkter vum ILR. Et géif jo meeschtens gutt fonctionnéieren, deemno géif een sech och keng Froe stellen. Am Energie-Secteur géif et dofir och net vill Bewegung ginn.

Den ILR réit de Stroum-Fournisseuren, d’Informatioune besser zougänglech ze maachen. Grad d’Präisentwécklung vun de leschte Jore wier fir de Konsument net ëmmer accessibel. Den ILR rifft awer och d’Konsumenten op, net passiv ze bleiwen, mee sech aktiv iwwert d’Stroum- a Gasofferen z’informéieren. Um Internet-Site “calculix.lu” zum Beispill kann een déi verschidde Präisser ënnert enee vergläichen.

Lëtzebuerger Stroum a Gas am EU-Verglach “raisonnabel”

Zënter dem 1. Januar ass den Netztarif am ganze Land dee selwechten. Bis elo war deen an de verschiddene Reseauen uechter d’Land verschidden. D’Fournisseuren sinn sech elo op een Tarif eens ginn, onofhängeg vum Netz. Dat géif en eenheetleche Präis méi einfach maachen, seet de Camille Hierzig. D’Präisstruktur wier och méi transparent, “well net méi fir all Reseau d’Konditioune fir de Fournisseur ënnerschiddlech sinn. Se kënne landeswäit eng selwecht Offer maachen”.

Am europäesche Verglach wieren d’Stroum- a Gaspräisser hei am Land “ganz raisonnabel”, schreift den ILR an sengem Rapport. En duerchschnëttleche Client aus engem aneren EU-Memberstaat misst ronn 120 € méi d’Joer fir de Stroum ausginn wéi hei zu Lëtzebuerg.

Méi zum Thema

DEU, Berlin, 08.04.2013, Ulrich Brand (Politikwissenschaftler)
[ (c) Wolfgang Borrs, Wiener Str. 11, D-10999 B e r l i n, Mobile +49.171.5332491, www.borrs.de, mail@borrs.de;  ]
Weltklimasommet

Sech serieux mam Klimaproblem auserneesetzen heescht, eis Produktiouns- a Liewensweis a Fro stellen, seet den däitsche Klimaexpert Ulrich Brand. Um Weltklimasommet géif et net an déi Richtung goen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen