An dat scho guer net, wa se dofir esouguer bereet ass, hire Veto ze zücken. Och dat huet de Léon Gloden e Freideg hei op der Antenn zouginn - wann d'Independance vum Parquet net erausgestrach gi wier, da wier d'Verfassungskapitel Justiz net op den Dësch komm, sot hien, also guer net reforméiert ginn. Domat haten d'Majoritéitsparteie kee Choix, schliisslech brauche si d'CSV, fir eng zwee Drëttel Majoritéit beieneen ze kréien.
Ee Bléck zeréck
Spulle mer kuerz no hannen. Den 21. August d'lescht Joer hat d'Martine Solovieff zesumme mam Jean-Claude Wiwinius, dem President vum Ieweschte Gerichtshaff, e Bréif un de Chamberpresident geschriwwen, an deem si sech iwwer déi vill Questions parlementaires beschwéiert hunn am Zesummenhang mat den Datebanke vun der Justiz.
Déi géifen de Prinzip vun der Gewaltentrennung net méi respektéieren a wieren och alt vu schlechter Qualitéit an net pertinent. Am Januar dëst Joer sot d'Martine Solovieff, an där hirem Dictionnaire d'Wuert "Deseskalatioun" offensichtlech net virkënnt, hei op der Antenn, si géif dee Bréif nach emol schreiwen.
Net genuch Courage fir eng Demissioun ze froen
D'CSV war nees ausser sech, schliisslech waren et hir Deputéiert Laurent Mosar a Gilles Roth, déi mat hirem Asaz an dësem Dossier vill beweegt hunn. Et wier de Parquet, deen d'Separation des pouvoirs net géif respektéieren. De Léon Gloden war e Freideg nach esou rosen, datt hie sot, an engem anere Land hätt dowéinst de Procureur oder de Minister misse goen.
Mee fir der Martine Solovieff hire Kapp ze fuerderen, oder dem Justizminister säin, dofir goung de Courage an der CSV dann awer net duer. Vläicht war et och kee gudde Moment. Den Dag nodeems de Bréif fortgoung, hat den deemolege Minister Félix Braz en Häerzinfarkt, mat deem senge Suitten hien haut nach kämpft.
Ee perséinleche Krich
Et ass awer keng Solution de réchange, fir de perséinleche Krich mat der aktueller Procureure générale an der Verfassung ze veréiwegen. An domat a Kaf ze huelen, datt Lëtzebuerg bei internationale Gremie wéi dem Greco oder aneren op ee Niveau mat Länner rutscht, déi mir net als Demokratie géifen unerkennen.
Datt et ëm perséinleche Krich geet an net ëm de Prinzip vun der Gewaltentrennung, dorop deiten och aner Aussoe vum Léon Gloden e leschte Freideg hin. Hien huet dem Parquet virgeworf, dee géif d'Gesetzer fir de Justizministère schreiwen a se dann zweemol aviséieren. Eemol an hirem Avis fir d'Chamber an dann nach eemol, well Vertrieder vum Parquet am Staatsrot wieren.
Misst dat net éischter en Argument si fir méi, net manner kloer Trennlinnen tëschent dem éischten, zweeten an drëtte Pouvoir am Land ze zéien? Mol dovun ofgesinn, datt och d'Memberen vum Staatsrot net dierfen aviséieren, wat si selwer betrëfft: Dee Risiko wier och wesentlech manner grouss, wann net d'CSV als eenzeg Partei an deene leschten 30 Joer Vertrieder vum Parquet an de Staatsrot nominéiert hätt: De Roby Biever, de Georges Wiwenes a virun fënnef Joer, och mam Support vum Léon Gloden, den Jeannot Nies.
D'CSV huet aus der Vergaangenheet net vill geléiert
A propos Roby Biever. Hien ass e gutt Beispill dofir, datt d'Indépedance vum Parquet sollt an der Verfassung verankert ginn. Datt sech de Justizminister an Enquêten amëscht, ass nämlech och zu Lëtzebuerg keen esou theoreetesche Problem, wéi dat an där Diskussioun hei gäre behaapt gëtt.
Dee leschte vun deem gewosst ass, datt hie probéiert huet, war den CSV-Justizminister Luc Frieden. An zwar wéi hien de Roby Biever, dee versicht huet, d'Bommeleeër viru Geriicht ze bréngen, gefrot hat: "Hutt der näischt anescht ze dinn?" Dat war ee vun de ville Skandaler, iwwer déi d'CSV um Enn gefall ass, a wéinst där se haut gréissten Oppositiounspartei ass.
Wann d'CSV haut keen onofhängege Parquet wëllt, fir datt de Justizminister dem Procureur ka soen, hie soll roueg sinn, wann d'Chamber mengt, dee géif hir de Mond verbidden, dann heescht dat, datt se aus där Affär net vill geléiert huet.
Ëmsou méi a well et wierklech laang dauert mat deene Verfassungsreformen, géif ee sech wënschen, datt dat, wat dra stoen kënnt, net op d'Mooss geschneidert géif fir dat aktuellt Personal, sief et an der Chamber oder um Parquet. Mee wa méiglech e wéineg méi "intemporel" wier an nach Gültegkeet hätt, wann déi all an der Pensioun sinn.