Flüchtlingen a Bosnien Humanitären Noutstand op der EU-Baussegrenz

Deen drëtte Wanter hannertenee scho gëtt et op der Balkanroute fir Flüchtlingen en humanitären Noutstand. Et gi keng Perspektive fir déi ronn 12.000 Mënschen, déi via Bosnien-Herzegowina versichen an d'Europäesch Unioun ze kommen. D'ASBL Catch a Smile beschreift eng ganz schwiereg Situatioun op der Plaz.

Isabel Scott / tt

Flüchtlingen a Bosnien
Foto: AP Photo/Marc Sanye

D'ASBL Catch a Smile huet uganks dës Joers mat der Diddelenger Gemeng eng Sammelaktioun u Wanterkleedung gemaach. Destinatioun: Sarajevo, Haaptstad vu Bosnien.

Um Terrain dobäi

D'Fabienne Dimmer vun der ASBL ass zanter Dezember zejoert op der Plaz.

D'Leit vu Catch a Smile sinn, anescht wéi aner Gruppen um Terrain, keng long-term volunteers. Egal ob a Griicheland, Frankräich oder elo Bosnien, gi si sech op d'Plazen d'Situatioun mat lokale Gruppen ukucken, kucken hiren "Input vu baussen" anzebréngen an ënnerstëtze mat hire gesammelte Suen da Projeten um Terrain.

D'ASBL geet op Plazen, déi "net déi offiziell Saache sinn. Mir hunn zwar Kontakter zu den offizielle Campen, mee mir ginn haaptsächlech do, wou d'Leit op der Strooss sinn, a Squats, an Zelter, ënner Konditioune liewen, déi net human sinn", esou d'Fabienne Dimmer.

Bosnien war de leschte Mount an de Schlagzeile wéinst dem Camp zu Lipa, dee ganz ofgebrannt ass.

Op der Balkanroute

D'Problemer ginn awer méi wäit zeréck. Wat sech zanter dräi Joer a Bosnien ofspillt, ass zum engen Deel d'Konsequenz vun der Schléissung vun der EU-Bausse-Grenz.

Dobäi kënnt, datt d'Land institutionell net d'Capacitéiten huet d'Flüchtlingskris ze geréieren. Den "Dayton-Agreement", de Friddens-Accord, deen 1995 de Krich a Bosnien op en Enn bruecht huet, huet d'Land op ethnesch Linnen an zwee Entitéite gespléckt: d'Federatioun Bosnien-Herzegowina an d'Republika Srpska.
.Foto: picture alliance / NurPhoto

"D'EU, eng Hypokrisie vu vir bis hannen"

D'Fabienne Dimmer analyséiert d'Roll vun der EU esou:

"Op där enger Säit gëtt d'EU Suen un d'Kroaten an d'Slowene fir d'Grenzen ze beschützen. D'Frontex gëtt massiv ënnerstëtzt: et ginn Wärmebild-Kamerae kaaft, Dronen, fir d'Grenzen zou ze maachen."

Et géif näischt zu de Pushbacks gesot ginn, zu deenen et "Dausende" vu Rapporte géif ginn.

"Déi eng Säit gëtt bezuelt vun der EU, an op där anerer Säit gëtt d'EU Bosnien Sue fir d'Leit dann heizehaalen. Et ass eng Hypokrisie vu vir bis hannen. (...) D'EU gëtt op 2 Säite Suen aus. Ech soen ëmmer: op där enger Säit ginn se d'Suen aus, fir datt d'Kroaten se schloen an op der aner Sait gi se de Bosnier d'Suen fir datt d'Bosnier d'Leit dann opfänken an se rëm huelen an hinne Kleeder ginn, déi op der aner Säit rëm ofgeholl ginn."

"Image-Schued" - fir wien?

D'lescht Woch huet den EU-Aussenbeoptraagte Josep Borrel Bosnien - Kandidat fir de EU bäizetrieden - mat Konsequenze gedreet, wann d'Land et net sollt fäerdeg bréngen, adequat Campen opzeriichten. Hien huet virun engem "Image-Schued" gewarnt.

D'Fabienne Dimmer fënnt et "immens herrlech", datt d'EU mam Fanger op Bosnien weist:

"Da weisen ech der EU de Fanger a soen: Entschëllegt, komm mer gi mol eriwwer a Griicheland. Ech weess net op der de neie Camp gesitt hutt vu Moria, dat ass ënner aller Sau wéi ee géif op Lëtzebuergesch soen. (...) 22.000 Leit op engem offizielle Camp fir 3.000 Leit. Do sinn d'Raten gelaf, dir kënnt iech net virstellen. Dat sinn EU-Campen! Dat ass net Bosnien, dat sinn EU-Campen."

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Isabel Scott
Lauschteren

Méi zum Thema

Father - Otac Filmkritik
CinEast-Festival

En aarmen Doléiner kämpft ëm d'Garde vu senge Kanner. De serbeschen Drama "Father" ass eng Bestandsopnam vum desastréise sozio-ekonomeschen Zoustand vu Serbien. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen