Riicht eraus Hubert Wurth: "De Brexit ass eng Dommheet"

De fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur zu London hält de Brexit fir e Feeler. D'Populatioun a Groussbritannien wier am Virfeld vum Referendum net gutt informéiert gewiescht, weder iwwert de Brexit, nach iwwer Europa, esou den Hubert Wurth a Riicht eraus.

Serge Kesseler / cbi

Hubert Wurth
Hubert Wurth, fréiere Lëtzebuerger Botschafter zu London

D'Konsequenze vum Brexit wieren haut nach net ofzegesinn. Den Hubert Wurth hofft, datt d'Britten d'Geleeënheet kréien, fir nach eng Kéier iwwert d'Fro vum geplangten EU-Austrëtt ofzestëmmen, zum Beispill bei engem zweete Referendum iwwert d'Resultat vun de Verhandlunge mat der Europäescher Unioun.

Schwäiz als Virbild fir Lëtzebuerg?

Déi Lëtzebuerger Politik kéint sech e Beispill un der Schwäiz huelen, wou déi wichteg Parteien zesummen an der Regierung sëtzen an zesummeschaffen: dat recommandéiert den Hubert Wurth. Esou e Modell wéi an der Schwäiz géif et méiglech maachen, datt déi wierklech beschte Leit an der Regierung sinn. De fréieren Diplomat hofft, datt et och hei am Land déi éischte Prioritéit bleift, datt d'Politik d'Leit zesummebréngt, besonnesch well d'Populatioun wéinst hirer Kompositioun net esou einfach ze geréiere wier.

Leschte Lëtzebuerger Botschafter an der Sowjetunioun

Den Hubert Wurth huet zënter 1978 fir de Lëtzebuerger Ausseministère geschafft. Hie war de leschte Lëtzebuerger Ambassadeur an der Sowjetunioun. "Als Diplomaten hu mir probéiert, de Kale Krich z'iwwerwannen", huet hien an der Emissioun Riicht eraus erzielt. "Dee Moment, wéi ech 1988 zu Moskau ukomm sinn, hunn ech net geduecht, datt dat géif geschéien, wat duerno geschitt ass, datt dee Moment, wou ech géing fortgoen, de Kale Krich eriwwer wier. Dat war eng ganz positiv Erfarung", esou de fréiere Lëtzebuerger Diplomat. Hien huet vun enger "Revolutioun an der Weltgeschicht" geschwat, déi hien hätt kënne materliewen.

9/11 net zu New York

Den Hubert Wurth war vun 1998 u Lëtzebuerger Ambassadeur bei der UNO zu New York. D'Attentater vum 11. September 2001 war hien awer net an der US-Metropole. "Den 11. September ass de Gebuertsdag vu menger Duechter: Déi ass deen Dag 18 Joer al ginn. Op deem Dag ass dat geschitt an ech war zu Lëtzebuerg, an ech war och am Büro vum Ausseminister vun där Zäit (Bemierkung: Lëtzebuerger Ausseministerin war 2001 d'DP-Politikerin Lydie Polfer, déi fréier Fra vum Hubert Wurth). Mir hunn dat mat enger grousser Consternatioun gesinn. (...) Mir hu festgestallt, dat déi Katastroph do eng Zäsur géing duerstellen. Mir hu gesinn, datt Amerika ganz schaarf reagéiert huet. An eigentlech, mat Momenter, vläicht souguer ze schaarf", esou de fréieren Ambassadeur.

Den Hubert Wurth war och Botschafter zu Wien, London, Paräis an Den Haag. Zënter dem Abrëll dëst Joer ass hien an der Pensioun.

Haut ass den Hubert Wurth als Moler a Wënzer aktiv. Hien ass Member vum MUDAM-Verwaltungsrot, grad wéi Matbegrënner vum Edward Steichen Award fir jonk europäesch Kënschtler.

Sträit beim MUDAM

A Riicht eraus huet den Hubert Wurth confirméiert, datt et beim MUDAM Sträit gouf, tëschent dem Verwaltungsrot an dem fréieren Direkter Enrico Lunghi. "Mir sinn alleguerten net ganz glécklech gewiescht, mat der Situatioun, déi mir haten". Mat der neier Directrice vum Musée, der Australierin Suzanne Cotter, déi den 1. Januar 2018 ufänkt, hätt een elo d'Geleeënheet, fir d'Saach gutt ze maachen, esou den Hubert Wurth.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Mudam Exklusiv
Musée fir zäitgenëssesch Konscht

D'Australierin Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam. Dat huet eng gutt informéiert Source eis confirméiert. Si iwwerhëlt d'Successioun vum Enrico Lunghi, deen Enn 2016 demissionéiert hat.

Nicolas Mackel
Finanzplaz

Ënnert anerem zwee grouss amerikanesch Assureuren wéilten eng Filial zu Lëtzebuerg opmaachen, esou de Chef vu Luxembourg for Finance. Wéi vill Aarbechtsplazen entstinn wär nach net kloer.

Josée Hansen
Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean

D'Josée Hansen huet aus dem MUDAM-Verwaltungsrot demissionéiert: Et wier deontologesch ze schwéier, als Haapt-Kulturjournalistin vun der Zeitung "Lëtzebuerger Land" Member vum Conseil ze sinn.

Et wier méi clever vun der Ukraine fir privilegéiert Partnerschafte mat Russland a mat der EU ze siche, sou de fréiere Minister an aktuelle Verwaltungsrotmember vu Sistema, Jeannot Krecké.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen