Nato-Sommet "E risegen Effort"

Unitéit a Solidaritéit, dat behält de Xavier Bettel vum NATO-Sommet zu Madrid zréck. A Krisenzäite wier d'Allianz méi no beienee geréckelt, a Lëtzebuerg géif säin Deel dozou bäidroen. Eng gestäerkten a méi grouss NATO wier d'Konsequenz vun der Decisioun vu Russland, Krich an der Ukrain ze féieren.

Serge Kesseler / ckl

De François Bausch an de Xavier Bettel um NATO-Sommet zu Madrid
De Xavier Bettel huet mam Défenseminister François Bausch an och dem Ausseminister Jean Asselborn um Sommet deelgeholl.

Provokatioun wier elo kontraproduktiv - dat seet de Premier op d'Fro, mat wéi enger russescher Reaktioun hie rechent, wa Finnland a Schweden elo NATO-Membere ginn. Hien erënnert sech un ee Gespréich dat hien nom Ufank vum Krich mam Vladimir Putin hat. Do sot deen, hie géif am Fall vun engem Bäitrëtt vu Finnland a Schweden "sou vill Militär géif op d'Grenze setzen, op russescher Grenz, wéi mir der an Europa hätten". Dat wier dem russesche President säi Recht, seet de Lëtzebuerger Premier, "esoulaang et bei Opstellunge bleift".

Ee Wëlle fir iwwert een Enn vum Krich an der Ukrain ze verhandelen, géif een den Ament net bei Russland gesinn, bedauert de Xavier Bettel. Een Zesummeréckele vu Russland a China gesäit hien iwwerdeems als eng reell Gefor: "Mir mussen evitéiere fir dass China an d'Russe sech an d'Ärem falen".

Kee Drock vun der Nato op Lëtzebuerg

Um NATO-Sommet zu Madrid huet de Premier ugekënnegt, datt Lëtzebuerg vun 2028 un ee Prozent vum PIB an d'Defense wëllt investéieren. Gëtt et bei der NATO Drock nach méi ze maachen? De Xavier Bettel seet, hien hätt kee gespuert. D'Nato-Partner hätte verstanen, datt een Invest vun enger Milliard "een Effort ass, dee riseg ass", wann ee just eng Arméi vun 1000 Zaldote huet.

Lëtzebuerg wier am gaangen zousätzlecht Militärmaterial fir d'Ukrain ze bestellen: "Mir kafen dat wat se brauchen", seet de Xavier Bettel.

Méi zum Thema

De François Bausch zu Vilnius
Baltesch Länner

"Ech denke mir sollten eis Presenz hei an der Regioun verstäerken", esou de François Bausch zu Vilnius a Litauen. Wat Lëtzebuerg genee decidéiert, géif awer vum NATO-Sommet den nächste Mount ofhänken.

François Bausch
Ukrain-Krich

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain weider mat Waffeliwwerungen. Dat sot de Minister François Bausch um Bord vun enger Reunioun, op där iwwer eng weider EU-Militärhëllef fir d'Ukrain diskutéiert gouf.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen