Stad Lëtzebuerg Librairie Alinéa: Bleiwen d'Dieren awer op?
No der Annonce vun der Fermeture vun der Librairie Alinéa an der Stad ass Beweegung an den Dossier komm. Den Edmond Donnersbach, Proprietär vun der Librairie, ass bereet, d'Decisioun z'iwwerdenken an d'Diere vun der Librairie awer net am August zouzemaachen.
Et hätte sech vill Clientë gemellt an et wier vill Zousproch vu bausse ginn, esou de Proprietaire vun der Librairie Alinéa Edmond Donnersbach. Fir d'Librairie an der Uewerstad kënne weiderzeféieren, misste sech elo awer d'Autoritéiten aschalten.
"Et gi Moyenen. Ech sinn oppe fir all Propose a bereet, mech selwer zur Dispositioun ze stellen." Hien hätt gemierkt, datt eng grouss Begeeschterung fir d'Librairie Alinéa do wier, mä elo wier d'Politik gefuerdert.
Den Edmond Donnersbach wier vill mat Virschléi aus der Zivilgesellschaft kontaktéiert ginn, fir d'Librairie weiderzeféieren. Hie selwer wier och frou, wann d'Libraire Alinéa kéint weidergefouert ginn. Et wier wichteg, gudde Wëllen ze weisen an den Dialog ze sichen.
Den Dialog sichen
"Ech hätt gären, datt déi Saach am Positiven iwwert d'Bühn geet a mir mat eiser Aktivitéit weiderfuere kënnen, vläicht och ënnert enger anerer Form." Hie wier sech bewosst, datt sech vill Saache geännert hunn zënter hie virun 22 Joer mat der Librairie ugefaangen hätt. De moderne Wandel wéilt den Edmond Donnersbach eegenen Aussoen no och net refuséieren. "Ech mengen an allem muss en Dialog sinn."
Op Nofro hin ass de Stater Schäfferot bereet, Kontakt mam Edmond Donnersbach opzehuelen an d'Gespréich mam Proprietaire vun der Librairie ze sichen, sot de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt. Déi eventuell Fermeture vun der Librairie an der Beaumonts-Gaass huet d'Diskussioun iwwert d'Attraktivitéit vum Klenghandel an der Uewerstad relancéiert.