Evenementer wéi Hochzäite wieren an der leschter Zäit och "reieweis annuléiert ginn", wat e groussen Impakt op d'Recettë vun de Betriber hätt. Mee och méi kleng Reservatioune wieren no de rezente Pressekonferenze vun der Regierung annuléiert ginn.
Och wat déi nei Mesurë fir d'Grandes Surfacen ugeet, wou just nach ee Client op zéng Meter Carré soll zougelooss, misst den Text nach am Detail gekuckt ginn. Dat seet den Direkter vun der CLC, den Nicolas Henckes. D'Gäng an de Galerië géifen zum Beispill net matgezielt ginn. Am Text wieren och nach aner Ausnamen ageschriwwen.
"Mee esou bal dann eng Persoun vun der Galerie an e spezifescht Geschäft géing eragoen, da misst een do natierlech op déi Densitéit oppassen. A wann déi Persoun dann duerno an e Supermarché geet, deen an där Galerie ass, da muss och gezielt ginn. Mee vun der Galerie selwer als groussen Ensembel misst dat da warscheinlech net esou zielen."