Riicht Eraus "Homes for Luxembourg"
"Homes for Luxembourg", esou heescht d'Propositioun vu Lëtzebuerg bei der Architektur-Biennale dëst Joer zu Venedeg, iwwer déi an der Sendung Riicht eraus rieds goung. Curateur fir déi Lëtzebuerger Participatioun ass och dës Kéier de Luca, de Luxembourg Centre for architecture.
Zesumme mam Bureau Studio SNCDA vun der Lëtzebuerger Architektin Sara Noel Costa de Araujo ass d'Iddi eng modulär Wunnunitéit, déi een ënnerschiddlech kann deklinéieren, an déi fir eng begrenzten Zäit kéint implantéiert ginn, sou datt de Proprietär vum Terrain seng Parzell herno zeréck ka kréien, wann en eppes anescht wëllt domat maachen.
Déi Propositioun ass eng Reaktioun op déi aktuell Situatioun um Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg, a méi spezifesch d'Accessibilitéit vun de Bauterrainen an deenen hir Präisser.
Kënne modulär, nomad Wunnunitéiten ee Léisungsusaz sinn? Kënne se dozou bäidroen, nei Wunnformen erbäizeféieren? Wie kéint sech fir esou e Logement intresséieren? Wat gesäit de legalen a reglementairë Kader vir?
Dat sinn déi Froen, déi Ufanks Abrëll bei enger Table ronde diskutéiert goufen, déi als Deel vum Reflexiounsprozess vum Projet Homes for Luxembourg ka verstane ginn. Et ass also eng Diskussioun op der Kräizung vu Kultur, Architektur a Politik.
Organiséiert gouf se an Zesummenaarbecht mam Luca an der Architekturzäitschrëft Accattone.
Ronderëm den Dësch waren nieft dem Co-Moderateur vun Accattone, den Architekt Carlo Menon, d'Architektin Sara Noel Costa de Araujo vum Studio SNCDA, de Jacques Brauch vun der Bau- a Promotiounsfirma Soludec, de Mike Matthias, éischte Conseiller am Logementsministère, de Guy Entringer, Direkter vun der Société nationale d'Habitation à bon marché (SNHBM) an d'Sonja Gengler, Architecte directeur vun der Stad Lëtzebuerg.