Weltklimakonferenz "Historeschen" Accord op der COP27

No laangen Negociatiounen op der Weltklimakonferenz gouf zu Scharm El-Scheisch de Sonndeg Moien en historeschen Accord fonnt. Fir d'éischte Kéier si sech bal 200 Länner eens fir en Entschiedegungsfong fir Entwécklungslänner ze schafen, déi un de Konsequenze vum Klimawandel leiden. Räich Länner solle fir en Deel vun hire Schied a Verloschter bezuelen.

Philip Crowther (Ägypten) / cz

COP27
Foto: picture alliance / NurPhoto

Lauschteren


Historesch wier dës Welt-Klimakonferenz och bal vu senger Längt ginn. Zwou Nuechte laang gouf verhandelt, de Rekord vun der längster COP gouf awer knapp net iwwertraff. Haut sinn et déi manner entwéckelt Länner a vill Ëmwelt-Aktivisten déi sech zefridde weisen.

Well e Fong fir méi aarm Länner wéinst Schied a Verloschter ënnert d'Äerm ze gräife gouf et bis elo nach net. Besonnesch d'USA hu sech Joerzéngte laang dogéint ageschwat, aus Angscht si missten éiweg fir Schied opkommen, als eent vun de Länner dat déi gréissen Zäregas-Emissiounen huet, an historesch als eent vun den Haapt-Responsabele fir de Klimawandel gëllt.

En "historeschen Accord" fir verschidde Länner

Déi kleng Inselstaaten, a Länner wéi Pakistan, dat jo dat lescht Joer u schlëmmen Iwwerschwemmunge gelidden huet, hunn dësen Akkord als historesche Schrëtt an déi richteg Richtung gefeiert.

Méi Detailer vun dësem Fong, an e Mechanismus, sollen op der nächster UN-Klimakonferenz an de Vereenegten Arabeschen Emirate verhandelt ginn. D'COP28 gëtt an engem Pëtrol-Staat organiséiert.

D'Limitte vun engem Accord

Nieft deem Succès weist den Akkord vun dëser COP27 och seng Limitten. Et gouf kee Progrès wat en Enn vu fossiller Energie ugeet, den Haaptgrond iwwerhaapt fir d'Äerderwiermung.

An d'Zil fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren, dat ass mat dësem Accord nach méi a Fro gestallt.

Méi zum Thema

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen