arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héichwaasser: "Mir mussen d'Kommunikatioun kritesch iwwerdenken"

Wasserwirtschaftsamt

|
reading time

2 min

headphones

17 min

play_arrow

Héichwaasser: "Mir mussen d'Kommunikatioun kritesch iwwerdenken"

Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes wëllt d'Aart a Weis wéi virun Héichwaasser gewarnt gëtt "kritesch iwwerdenken".

reading time

2 min

headphones

17 min

play_arrow

Seng Verwaltung géif nom Héichwaasser vu Mëtt Juni driwwer nodenken, wéi se an Zukunft besser kéint mat der Populatioun kommunizéieren, esou de Jean-Paul Lickes:

"Musse mer vläicht nach méi op sozial Medien, Twitter oder esou, higoe fir d'Leit ze warnen? En tout cas, hu mir ons bis elo vill op eisen Internetsite Inondations.lu verlooss, wou ee sech och ka perséinlech aschreiwe fir d'Meldungen ze kréien."

Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt ass der Meenung d'Héichwaasser vu Mëtt Juli wier zwar richteg virausgesot ginn, mee de Message wier net vun all de concernéierte Leit an Uecht geholl ginn.

Keng nei Gebidder als Héichwaasser-Zon

Hie fënnt iwwerdeems, datt no de rezenten Iwwerschwemmunge keng nei Gebidder als Héichwaasser-Zonë klasséiert misste ginn. Mëtt Juli wieren nämlech genee déi Gebidder iwwerschwemmt ginn, déi een elo schonn op den Héichwaasserkaarte fënnt.

Dës Kaarte sinn am Moment awer am Gaangen ugepasst ze ginn, fir och méi nei Gebaier korrekt ze erfaassen. Och d'Bierger an d'Gemenge kënnen dofir Observatioune beim Waasserwirtschaftsamt areechen. Den Interêt wier bis elo awer limitéiert, esou de Jean-Paul Lickes:

"Méindes, an der selwechter Woch wou d'Héichwaasser war, hu mer d'Consultation du public lancéiert. Erstaunlecherweis hate mer do ganz ganz wéineg Leit op der Versammlung, déi online war - also eigentlech fir jiddereen accessibel. Och fir d'Gemengeresponsabel."

Et wiere just eng 28 Leit present gewiescht bei där Consultatioun, 10 dovunner vum Waasserwirtschaftsamt. De Jean-Paul Lickes geet awer dervun aus, datt d'Sensibilitéiten sech ganz séier kënnen änneren an datt eng Consultatioun haut méi Leit géing unzéie wéi nach virun de rezenten Iwwerschwemmungen.

play_arrow Lauschteren