Gemengesyndikat Héichwaasser: D'Gemenge wëllen e bessere Warnsystem

De President vum Gemengesyndikat Syvicol fuerdert, datt Léieren aus dem Héichwaasser virun engem Mount gezu ginn: et misst zum Beispill e bessere System fonnt gi fir d'Leit fréizäiteg ze warnen, wann d'Waasser klëmmt, esou den Emile Eicher.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Emile Eicher
Den Emile Eicher ass President vum Gemengesyndikat Syvicol. Foto: Archiv

An anere Länner géif et deelweis schonn esou Warn-Systemer ginn, seet den Emile Eicher. Am Taiwan hätt hie selwer esou ee System materlieft, wou d'Leit ee Message op den Handy geschéckt kritt hunn.

"Dat sinn d'Technologien, dofir brauch ee keng App. Déi Message ginn automatiséiert un all ageschalten Handy vum Netz vun där Regioun, déi betraff ass."

Den Emile Eicher ass och der Meenung, datt méi kloer misst gekläert ginn, wéi eng Roll d'Gemengen ze spillen hunn, wann d'Rettungsdéngschter vum CGDIS a Katastrophesituatiounen zum Asaz kommen. "Dat muss ee vläicht nach verfeineren", esou de President vum Syvicol.

A senger Gemeng hätt d'Koordinatioun mam CGDIS wärend dem Héichwaasser zwar ganz gutt geklappt, dat wier awer net iwwerall de Fall gewiescht, esou den Emile Eicher, dee selwer Buergermeeschter zu Clierf ass.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Paul Lickes
Wasserwirtschaftsamt

Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt wëllt d'Aart a Weis wéi virun Héichwaasser gewarnt gëtt "kritesch iwwerdenken". Bis elo hätt een d'Populatioun haaptsächlech iwwer inondations.lu gewarnt - an Zukunft misst een awer méi op d'soziale Medie setzen.

Taina Bofferding
Warnsystem

Fir d'Bevëlkerung am Fall vun enger Naturkatastroph méi séier ze informéieren, schafft am Inneministère en Aarbechtsgrupp un enger Léisung. Et wéilt een ewech vun der GouvAlert-App, seet d'Taina Bofferding.

Iwwerschwemmungen zu Miersch
NO DEN IWWERSCHWEMMUNGEN

Déi offiziell Warnung iwwer d'Iwwerschwemmunge wier scheinbar net mat Zäit bei der Bevëlkerung ukomm, esou déi véier Oppositiounsparteien, déi elo eng extern an onofhängeg Etüd iwwer d'Virfäll fuerderen.

CGDIS 1
No den Iwwerschwemmungen

Den Direkter vun den Operatioune vum CGDIS wëllt den Echange mat de Gemenge verbesseren. Den Tom Barnig betount awer, datt déi Zesummenaarbecht op lokalem Niveau an de meeschte Fäll gutt geklappt hätt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen