Grouss Hëtzt Héich Temperature féieren zu Problemer am Bausecteur

Déi grouss Hëtzt féiert och zu Problemer am Bausecteur: et gëtt sech bis zu zéng Prozent manner Rendement erwaart. Fir sech op d'Hëtzt virzebereeden, hunn eng Partie Entreprisen zesumme mat de Personaldelegatiounen een Aktiounsplang ausgeschafft.

Serge Kesseler / sam

Chantier an der Hëtzt
Och am Bausecteur suergt d'Hëtzt fir Problemer. Foto: Bigstock / Pramote

Serge Kesseler


D'Entreprisen hunn en Aktiounsplang ausgeschafft, dee virgesäit, datt déi Beschäftegt scho moies um sechs Auer ufänke mat schaffen, fir déi massiv Hëtzt ze evitéieren. Donieft ginn et och nach aner Punkten am Plang: et misst genuch Waasser fir d'Aarbechter disponibel sinn, an hinne gëtt och recommandéiert, sou vill wéi méiglech am Schied ze schaffen.

Doriwwer eraus si Mesurë fir déi Beschäftegt virgesinn, déi wéinst der Hëtzt gesondheetlech Problemer kréien. Wann enger Persoun schlecht oder schwindeleg gëtt, da misst se direkt ophale mat schaffen an et dem Ekippechef mellen. Esou kéint ee kucke fir den Aarbechter esou gutt wéi méiglech ze protegéieren, esou de Pol Faber.

Hëtzt ee vu villen aktuelle Problemer am Bausecteur

Verschidden Aktivitéite wäerten dëser Deeg wéinst den héijen Temperaturen op de Chantieren och net gemaach kënne ginn. Dëst ass zum Beispill de Fall fir Bëtongssaarbechten, well de Bëtong ze séier dréche gëtt a Rëss kritt, wann et esou waarm ass, erkläert de Pol Faber, Generalsekretär vum "Groupement des Entrepreneurs du Bâtiment et des Travaux publics".

Bei grousser Hëtzt kënnen d'Bau-Entreprisen och op de Chômage intempéries zeréckgräifen: d'Entreprise kéint sech dann dozou entscheeden d'Aarbechter heem ze schécken. Ee gewëssen Deel vun de Sue kéint da vum Staat zeréckgefuerdert ginn, seet de Pol Faber.

Nieft de verschiddene Krisen - Corona a Krich an der Ukrain - géif och déi grouss Hëtzt sech finanziell negativ op d'Entreprisen aus dem Bausecteur néier schloen: eleng wéinst den héijen Temperature géifen zéng Prozent manner Rendement op de Chantiere gemaach ginn, domat rechent de Pol Faber.

Méi zum Thema

Andrew Ferrone
Dréchent zu Lëtzebuerg

D'Dréchent hei am Land huet e negativen Impakt op d'Landwirtschaft. Den Andrew Ferrone, Chef vum Meteo-Service um Landwirtschaftsministère, huet sech mam Rick Mertens iwwer d'Auswierkungen ënnerhalen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen