Coronavirus Haut fänkt de Large-Scale-Testing un

Vun haut u kënne bis zu 20.000 Mënsche pro Dag hei am Land op den neie Coronavirus getest ginn. Zil vum Large-Scale-Testing ass et, déi symptomatesch an déi asymptomatesch Leit, déi den neie Coronavirus a sech droen, erauszefilteren, fir esou d'Verbreede vum Virus anzedämmen.

Rahel Könen / cz

PCR-Test
Foto: Bigstock / MCStock

De Bäitrag vum Rahel Könen lauschteren


De Large-Scale-Testing soll de 25. Mee ufänken a bis den 28. Juli lafen. Heifir ginn am Ganze 27 Drive-in-Statiounen, zwou Walk-and-Bike-Statiounen an eng Walk-through-Statioun opgemaach. Getest gëtt op fräiwëlleger Basis a Betraffener kréien eng Invitatioun per Post geschéckt.

De Méindeg (haut) fänken déi éischt Tester un. Déi éischt, déi solle getest gi si Coifferen a Personal aus der Kannerbetreiung. Mee och de Bausecteur soll dës Woch eng drëtte Kéier getest ginn. Den 1. Juni geet de Large-Scale-Testing da mam Fleegepersonal a Personal vu Police, Prisongen an Apdikte virun. Och Schüler aus der Grondschoul, Léierpersonal a Leit aus dem Industrie- a Commercesecteur kréie vum 1. Juni un d'Méiglechkeet sech op den neie Coronavirus ze testen.

Lëtzebuerger Bierger a Frontaliere goufen heifir an dräi representativ Gruppen agedeelt:

  • Grupp 1: Leit, déi berufflech engem héije Risiko ausgesat sinn, zum Beispill d'Personal aus de Spideeler oder dem Enseignement.
  • Grupp 2: Déi zweet Grupp si Leit, déi schonn zeréck op d'Aarbecht gaange sinn, oder deemnächst erëm schaffe ginn.
  • Grupp 3: Representativ Stéchprouwen an der ganzer Populatioun

D'PCR-Tester, déi d'Regierung benotzt, wiere verbessert ginn. Deemno kéint och bei asymptomatesche Leit de Virus nogewise ginn. Den Héichschoulminister Claude Meisch betount, datt de Large-Scale-Testing dozou bäidroe soll, datt eng zweet Well evitéiert gëtt.

Méi zum Thema

Masken a Blusen
Corona-Pandemie

D'Fima Molecular Plasma Group an de LIST schaffen zesummen un enger Solutioun fir Schutzmasken an anert Protektiounsmaterial ze dekontaminéiere a fir Maske mat antiviralen Eegenschaften ze produzéieren.

Fabio Secci.jpg
Tester op de Virus an op Antikierper

D'Gesondheetsmutuelle CMCM huet dës Woch hir Mataarbechter op de Coronavirus teste gelooss. Dat seet den CMCM-Generaldirekter Fabio Secci. De Laboratoire hätt d'CMCM-Beleegschaft geholl, fir den Test ze validéieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen