2. Seance vum Srel-Prozess Hat de Srel eng Autorisatioun fir de Loris Mariotto ofzelauschteren?
De Srel-Prozess geet virun. De Riichter huet der Defense de Mëtteg um zweete Prozessdag net Recht ginn, datt déi Ugeklote misste fräigesprach gi wéinst Depassement vum Délai raisonnable a wéinst engem net equitabele Prozess, esou wéi si dat gëschter kritiséiert hunn. De Prozess geet also virun. Esou koumen de Mëtteg déi dräi ugeklote fréier Srel-Mataarbechter zu Wuert an den Zeie Jean-Claude Juncker.
De Resumé vum zweeten Dag vum Srel-Prozess vum Jean-Claude Franck
Hat de Srel eng Autorisatioun fir am Joer 2007 de Geschäftsmann Loris Mariotto ofzelauschteren? Déi Fro ass haut um zweete Prozessdag um Fong traitéiert ginn.
Déi dräi Beschëllegt fréier Srel-Mataarbechter hunn argumentéiert, datt si näischt Illegales gemaach hätten. De fréiere Srel-Direkter Marco Mille huet ausgesot, datt hien d'Autorisatioun vum Jean-Claude Juncker gehat hätt: Mëndlech, iwwer Telefon.
De Frank Schneider sot, als Operatiounschef vum Srel hätt hie kee Grond gehat un där Ausso vum Marco Mille ze zweiwelen.
Den André Kemmer sot, hien hätt ni mat esou Saachen ze di gehat. Seng Hierarchie hätt gesot, déi Ecoute géifen elo geschalt ginn, an dat wier du säi Wee gaangen.
Aner Versioun vum Zeie Jean-Claude Juncker: Hie sot, hie kéint sech net méi un d'Inhalter vun de Gespréicher mam Marco Mille de 26. Januar 2007 erënneren. Hie kéint sech net erënneren, eng Ecoute autoriséiert ze hunn. "Wann ech se autoriséiert hätt, hätt den Direkter vum Srel kënnen nach owes bei mech op de Bureau komme fir dat ze regulariséieren", sot de fréieren CSV-Premier.
Datt de Jean-Claude Juncker e puer Deeg méi spéit vum Marco Mille gewuer gouf, datt de Srel de Loris Mariotto ofgelauschtert huet, hätt hien net als Ecoute am klassesche Sënn gesinn, huet de fréiere Staatsminister probéiert ze argumentéieren. De Marco Mille hätt vun engem Testhandy geschwat. Dowéinst hätt ee kënnen dovun ausgoen, datt déi dräi Ugeklote just matgelauschtert hätten, esou seng Versioun.
De Riichter sot dann nach, datt de Marco Mille de Jean-Claude Juncker den 31. Januar 2007 mat enger Auer opgeholl huet, wier e "fait extrémement grave", och wann e verjäert wier.
De Prozess geet muer de Moien um 9 Auer virun. Da gëtt d'Auerenopnam Mille-Juncker vum 31. Januar 2007 ganz an der Seance hei op der Chambre Correctionelle gelauschtert.